Radioen

On air

Notturno  |  Selvagem - Tamanqueiro

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schengen-Visa fir Russen: Verschidde EU-Länner machen zou

Visa-Politik

Schengen-Visa fir Russen: Verschidde EU-Länner machen zou

Russesch Bierger:inne mat engem Schenge-Visum, dee vun Estland ausgestallt gouf, dierfen zanter gëschter net méi an dat baltescht Land areesen. De litaueschen Ausseminister appelléiert e Freideg nach emol un déi aner EU-Länner, keng Touriste-Visae méi u Russ:innen ze verginn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Wie weider Touriste-Visaen u Russen ausstellt, invitéiert dës russesch Touristen a Wierklechkeet an déi baltesch Länner ze reesen, schreift de litaueschen Ausseminister Gabrielius Landsbergis an engem Commentaire, dee Politico haut publizéiert huet.

D'Situatioun a Litauen

Litauen géif zanter dem Ufank vum Krich just nach Visae fir Russen aus humanitäre Grënn ausstellen, trotzdeem géif d'Zuel vun de russeschen Touristen a Litauen eropgoen.

Vu datt de Fluchverkéier ganz limitéiert ass, wieren déi baltesch Staaten Zil Nummer eent fir Touristen, déi aus Russland oder Belarus an d'EU komme wëllen. "Eng ze gutt accessibel Attraktioun, fir déi, déi den europäesche Lifestyle genéisse wëllen, wärend se dem Wladimir Putin säi Krich ënnerstëtzen", schreift den Gabrielius Landsbergis.

D'EU huet den Accord mat Russland fir kuerzfristeg Visae schonn de 25ten Februar deelweis ausgesat. Dat betrëfft awer net Touriste-Visaen, dës kënne weider ausgestallt ginn. D'Decisioun dofir läit bei de Memberlänner.

EU-Koordinatioun ass weiderhin Zil

D'EU beméit sech ëm Koordinatioun, huet gëschter nach emol d'Kommissiounsspriecherin Anita Hipper betount: "D'Gespréicher mat den EU-Memberlänner lafen op all Niveauen. Eis éischt Prioritéit ass, datt et eng koordinéiert Approche gëtt".

Um Terrain ass déi Approche awer éischter eng individuell. Et gëtt schonn eng Partie EU-Länner, déi opgehalen hunn, Touriste-Visaen auszestellen, oder déi dat just nach ganz limitéiert maachen. Dozou gehéieren niewent Estland, Lettland, a Litauen och déi Tschechesch Republik genee ewéi Finnland.

Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz hat sech déi lescht Woch dogéint ausgeschwat, keng Touriste Visae fir Russ:innen ze verginn a gesot, et wier dem Wladimir Putin säi Krich an net dee vum russesche Vollek.

Russland ass Nr. 1 bei de Schenge-Visae fir Drëttlänner

D'Dier fir déi Leit, déi d'Land aus humanitäre Grënn verloosse mussen, misst opbleiwen an der EU, seet dozou de Gabrielius Landsbergis, a Visae kéinten duerchaus weiderhin aus esou Grënn ausgestallt ginn.

"Eisen Informatiounen no gi weider Visaen ausgestallt, speziell déi humanitär Fäll sinn ofgedeckt", präziséiert d'Kommissiounsspriecherin. D'EU-Länner géifen op enger Reunioun vun den Ausseminister:innen Enn des Mounts zu Prag iwwer de Sujet diskutéieren.

Ee Bléck op d'Statistike weist iwweregens, datt Russland, wat d'Zuel vun de Schengen-Visaen ugeet, an de leschte Joren ëmmer dat éischt Land op der Lëscht war. Virun der Pandemie waren et der 2019 iwwer véier Milliounen, zejoert waren et der nach iwwer 500.000. Refuséiert goufen dovun déi Allermannst.

2022: Lëtzebuerg huet 444 Visae fir russesch Bierger:inne verginn

Lëtzebuerg vergëtt weider Visae fir russesch Tourist:innen, dëst Joer allerdéngs vill manner wéi an de Jore virdrun. 2019 waren et 101 Touriste-Visae vun am Ganze ronn 3000 Visae fir russesch Bierger:innen, déi verdeelt gi sinn.

Dëst Joer goufe bis elo siwen Touriste-Visae fir Russen ausgestallt, vun am ganzen 444 Visaen fir russesch Bierger:innen. Déi meescht vun deenen anere goufen aus berufflechen oder familiäre Grënn verginn, sou den Ausseministere op eis Nofro.