Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlecht drop

Studenten an der Corona-Kris

Schlecht drop

80 Prozent vun de Studente soen, datt si mental extrem ënner der Corona-Kris leiden. Dat huet eng Ëmfro bei enge 600 ACEL-Memberen erginn. Si leide virun allem, well et wéineg soziale Kontakt gëtt. Iwwer e Véierel huet och schonn iwwerluecht, de Studium ganz opzeginn.

auto_stories

2 min

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


"D'Studente fille sech eleng. An dofir ginn et e puer Ursaachen: déi meescht Universitéiten hu virun engem Joer zougemaach. Dat bedeit, datt déi Jonk vill doheem sinn a wéineg Kolleege gesinn", seet den ACEL-President Benjamin Kinn. Et géif einfach u sozialem Kontakt feelen.

Si fille sech dobäi agespaart an anersäits och ënner Drock, fir am Studium trotz der Kris weider ze kommen. Den Opwand fir e Studium digital ze maache wier och méi grouss, wéi am Normalfall, seet den ACEL-President.

Gutt wier nach, datt déi mannst finanziell Problemer hätten, esou de Benjamin Kinn, den Héichschoulministere géif gutt Hëllef bidden. An d'ACEL hätt och verhandelt, datt d'Bourse ëm e Semester verlängert gëtt.

Gratis psychologesch Hëllef?

D'ACEL hätt gären, datt Studenten en Accès zur fachmännescher Berodung bei psychologesche Problemer kréien, deen och bezuelbar ass. "Net all Student ka sech leschte bei e Psycholog ze goen an 100 Euro ze bezuelen, déi net remboursable sinn", seet de Benjamin Kinn.

D'ACEL hat gefrot, datt Leit, déi ausserhalb vun der EU studéieren, geimpft kenne ginn, wa se dat fir hire Studium, zum Beispill an den USA oder Kanada, brauchen. D'Autoritéite wëllen deene Studenten och entgéingt kommen, esou de Benjamin Kinn.