Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lauschtert d'Episod 4 vum Podcast "Schlechte Schüler"

Podcast: Schlechte Schüler

Lauschtert d'Episod 4 vum Podcast "Schlechte Schüler"

Zu Schëffleng léiert elo eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? Ëm déi Fro geet et an der véierter Episod vun der 100,7-Podcast-Serie. Fir keng Episod vu "Schlechte Schüler" ze verpassen, abonnéiert iech an ärer Liblings-Podcast-App.



auto_stories

2 min

Déi neisten Episod vum Podcast "Schlechte Schüler" gëtt all Méindeg op 100komma7.lu publizéiert, grad ewéi op den übleche Podcast-Plattformen.


Dir kënnt och weider wéi gewinnt déi eenzel Episoden direkt an der 100,7-App oder iwwer den Internetsite lauschteren.

Klickt dofir hei ënnendrënner op déi jeeweileg Episod.

Episod 4 - En français, s'il te plaît

Zu Schëffleng léiert elo eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? Ëm déi Fro geet et an der véierter Episod vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler".


Episod 3 - Esch international

D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul.


Episod 2 - Zeréck an d'Zukunft

D'Karin Elsen an d'Edith Jacobs wëllen d'Schoul méi gerecht maachen. 1975 woen déi zwou Léierinnen en Experiment.


Episod 1 - Op den Ufank kënnt et un

D'Estrela huet aacht Joer a Schwieregkeeten an der Schoul. Seng Conclusioun: "Ech sinn net intelligent".