Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Schlussendlech kann ee keng Suen iessen"

Biodiversitéit

"Schlussendlech kann ee keng Suen iessen"

Well d'Biodiversitéit weltwäit géif ofhuelen, wieren Liewensgrondlagen, wéi proppert Waasser a Loft, weltwäit a Gefor. D'Zil dierft et allerdéngs net sinn, fir Ekonomie géint Biodiversitéit auszespillen, seet den Eric Schauls. Hien ass ee vun de Responsabele fir de Volet Biodiversitéit am Nohaltegkeetsministère a war rezent bei enger Konferenz a Kolumbien dobäi, wou en UN-Rapport zum Thema ugeholl gouf.

auto_stories

3 min

Den Eric Schauls

Méi wéi 120 Memberstaate vun der Plattform fir Biodiversitéit an Eko-Systemer hunn dëse wëssenschaftleche Rapport leschte Mount ugeholl. Ee Rapport, dee virun de Geforen duerch de Réckgang vu Biodiversitéit warnt. Dacks géifen d'Leit dat allerdéngs net esou eescht huelen, mengt den Eric Schauls. An hinne wier dacks net bewosst, "datt mir ëmmer méi an Infrastrukture mussen investéieren, fir dat ze erhalen." Dat wieren "enorm Zommen" an "iergendwann géif et net méi goen".

Et wier och héich gepokert ze mengen, datt modern Technologien an Zukunft de Réckgang vun natierlech Ressourcë kéinte kompenséieren. "Dat steet ganz kloer am Rapport, datt dat kann an déi aner Richtung goen. An et gi keng Etüden déi beweisen, datt dat wierklech esou ass."

Global Diskussioun féieren

D'Zil dierft et net sinn, fir Ekonomie géint Biodiversitéit ausspillen, esou den Eric Schauls. Mee de Rapport hält awer ënner anerem fest, datt Europa net esou weiderwuesse kéint. Et misst een eng Entkoppelung vu Ressourcëveverbrauch a Wuesstem hikréien. Dozou géif am Rapport awer stoen, datt et "enorm schwéier ass an empiresch net bewisen".

Aner Weeër sichen

Wann een dës Entkoppelung allerdéngs net géif hikréien, misst een aner Weeër sichen a laangfristeg Approchen applizéieren. Et géif een dat schonn e bësse probéiere mat engem PIB vum Wuelbefannen. Et géifen awer nach aner Modeller ginn, wou een "d'Déngschtleeschtunge vun der Natur" kéint an de Virdergrond stellen. "Wat och wichteg ass. Well schlussendlech kann ee keng Suen iessen", seet den Eric Schauls.

Zu Lëtzebuerg wier een do scho méi wäit, mengt de Vetrieder vum Nohaltegkeetsministère. Et géif een d'Konsequenze spieren, wa Ressourcë méi knapp géife ginn. Hei géif et e Bewosstsinn fir d'Thematik an Transitioun-Beweegunge ginn. Den Eric Schauls mengt, datt een dat och weider maache misst. Dat géif vun der Regierung gefërdert ginn, an dat wier och ee Wee vun der Léisung, déi am Rapport ugeduecht gëtt. Eng "green economy" oder eng "low-carbon economy" géif de Wirtschaftsmodell, wéi en elo ass, net a Fro stellen, seet den Eric Schauls. "Doriwwer misst een eng Kéier reflektéieren an eng Kéier wierklech driwwer diskutéieren."

Rapport

De Rapport gouf vu méi wéi 550 Wëssenschaftler aus méi wéi 100 Staate bannent dräi Joer ausgeschafft an huet ronn fënnef Milliounen US-Dollar kascht. Dëse Bäitrag koum duerch Kontributioune vun de Memberstaate zesummen. D'nächst Joer soll zu Paräis méi detailléiert presentéiert ginn, wéi eng konkret Piste sollen ageschloe ginn, fir d'Biodiversitéit weltwäit ze protegéieren.