Wat hu mer déi lescht aacht Méint scho vill iwwer d'Schoul diskutéiert: Eng Petitioun huet fréi d'Fermeture vun de Schoule verlaangt, d'A a B-Gruppen goufen am Mee kritiséiert, Enn Juni, wéi d'Klassen nees zesummegeluecht goufen, gouf och dat nees kritiséiert, am September huet et geheescht, et géife keng kloer Mesurë ginn, an eréischt rezent huet ënner anerem d'Proffegewerkschaft Féduse nees no méi strenge Mesurë gejaut.
Prinzipiell ass et gutt, datt an der ëffentlecher Debatt vill iwwer d'Schoul rieds geet. D'Educatioun ass en ëffentlechen Optrag, deen eis all eppes ugeet, an dee soll kontradiktoresch diskutéiert ginn.
Eng Stëmm, déi dobäi dacks ze kuerz kënnt, ass déi vun de Kanner selwer. Wéi dat an Temoignagen ze héiere war, a wéi den Alldag et weist, si vill Kanner frou fir kënnen an d'Schoul ze goe soulaang déi Erwuesse si net desorientéierten. Maskeflicht am Bus, am Gank oder am Klassesall: Et nervt vläicht e bëssen, mee dajee alt. D'Hänn desinfizéieren, och alt e puermol wärend dem Cours: Schonn e klengt Ritual. Eng gewëss Distanz halen, souwäit et méiglech ass: Ok. Eng Quarantän, mat engem Test hannendrun: Kee Stress.
De Virus ass an all den Alterskategorië present
Stress awer entsteet, wann een déi ëffentlech Debatt iwwer d'Schoul héiert. Et gëtt der genuch, déi mordicus behaapten, d'Schoul wier e besonneschen Infektiounsrisiko. Domat muss ee gutt oppassen: Et wier net gesond, wann dat op eng Scholdzouweisung géif erauslafen. Wéi wann d'Kanner Schold um Ausbroch vun enger Infektiounswell wieren, Schold un engem Lockdown, Schold un engem Zesummebroch vun der Ekonomie. D'Fuerschung huet gewisen: Jo, Kanner infizéiere sech mam Virus. Jo, Kanner ginn och krank. Jo, Kanner kënnen och Erwuessener ustiechen. Jo, Kanner mussen esou gutt geschützt gi wéi d'Ëmstänn et erlaben. De Virus ass an all den Alterskategorië present, ergo och an de Schoulen.
Um Enn mussen d'sozial Kontakter limitéiert ginn, fir datt de Virus manner séier virugeet. Ganz fort kréie mer e soubal net. Also sollt ee prioritär do usetzen, wou et am mannste Schued fir d'Allgemengheet gëtt.
Sech als Erwuessenen och selwer hannerfroen
Fir eng Parodie ze woen: Et ass, wéi wann Aarbechtskolleegen um Afterwork géife sëtzen, zu vill op engem Dësch, fir haart ze fuerderen, datt déi Kleng endlech missten de ganzen Dag an der Schoul e Mask undoen. Mee wann déi selwecht Aarbechtskolleegen dann op eemol missten um Büro e Mask undoen, géife si dat awer wierklech net an der Rei fannen. Et ass, wéi wann eng Famill sech zu 20 géif treffen, an d'Diskussioun géif ausaarten, well déi Erwuesse mengen, Corona wier keen Theema méi wann d'Schoulen endlech géifen zougemaach ginn, nom Motto: Da kënnen d'Betriber wéinstens weider hir Sue verdéngen. Et ass, wéi wann e Grupp vun eelere Leit trotz héijen Infektiounszuele géif an der Stater Patisserie sëtze fir sech doriwwer opzereegen, datt alles d'Schold vun e puer Partye vu Jonke wier.
Dobäi ass et d'Responsabilitéit vun der Gesellschaft deene Jonken eng seriö Educatioun ze offréieren, vun där si e Liewe laang profitéieren. Einfach d'Schoulen zoumaachen, oder Kanner sech selwer iwwerloossen, ka keng Léisung sinn. De Verlaf vun der Epidemie hei am Land weist, datt et keen aussergewéinleche Risiko fir d'Kanner gëtt. E bësse manner Drama kéint dofir näischt schueden.
Eng Epidemie wéi déi hei huet de gesellschaftleche Risiko, datt der vill menge net si wieren d'Source vum Problem, mee déi Aner. Wann een ufänkt Konzessioune vu Kanner ze verlaangen, sollt ee sech als Erwuessenen awer fir d'éischt froen, wat ee selwer kann zur Léisung vum Problem bäidroen.