Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elliott Smith - Waltz #2 (Xo)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoulflicht bis 18

Educatiounsministère

Schoulflicht bis 18

Am Virfeld vun der Schoulrentrée dës Woch huet den Educatiounsminister Claude Meisch ugekënnegt, datt d'Schoulflicht an Zukunft soll bis 18 Joer gëllen. Doduerch soll verhënnert ginn, datt Jonker fréizäiteg mat hirer schoulescher Ausbildung ophalen.

auto_stories

2 min

Foto: SIP / Julien Warnand

D'Ufuerderunge vun der Aarbechtswelt géifen ëmmer méi komplex ginn, deemno misst een de Jonken och méi Zäit fir hir Bildung ginn, esou de Claude Meisch.

Dowéinst soll d'Obligation scolaire net méi ewéi bis elo bis 16 Joer, mee bis 18 Joer gëllen.

Den Educatiounsminister wäert en deementspriechende Gesetzesprojet an den nächste Woche virleeën.

2020 hunn eng 1.000 Jonker hir Ausbildung ofgebrach

De Claude Meisch ënnersträicht, datt et net duergeet "e Jonke quasi anzespären an der Schoul". Vill méi misst een "eng aner Schoul fannen, déi dann dem Jonken do och wierklech wärend deenen zwee Joer eppes ka mat op de Wee ginn".

Och wann d'Zuelen zanter zwee Joer liicht réckleefeg sinn, hunn eleng d'lescht Joer eng 1.000 Jonker ënner 18 Joer hir schoulesch Ausbildung ofgebrach.

De Claude Meisch seet:

"Zesumme mat de Lycéeë musse mir alternativ Léieruerter schafen, Plaze wou och de Jonke ka wuessen, den an der Schoul keng Plaz fir sech méi gesinn huet. Plaze wou schoulesch Instrumenter an och Instrumenter vun der Aide à l'enfance sech géigesäiteg ergänzen an ënnerstëtzen."

Wat een bräicht wier "Zäit, kombinéiert mat engem personaliséierte Suivi an innovative pedagogesche Konzepter." Schonns haut géing ee vill Jonker an de sougenannte Centre d'Insertion socio-professionnels encadréieren, mee et bräicht ee flächendeckend iwwer d'ganzt Land méi esou Strukturen.

D'Eropsetze vun der Obligation scolaire wier dann och "e kloren Engagement fir d'Offer weider ze diversifizéieren an de Besoine vun deene Jonken unzepassen".