Educatioun Schoulrentrée: "Et wäerte sécherlech weider Hygiènesmesurë ginn"
Wat bedeit déi zweet Well vun Infektioune mam Coronavirus fir déi nächst Schoulrentrée zu Lëtzebuerg? Déi Fro stelle sech den Ament Schüler, Elteren an och Enseignanten. Den Educatiounsministère seet op Nofro hin, et géifen am September mat Sécherheet nach Hygiènesmesuren an de Schoule ginn. Wéi eng genee ass nach net decidéiert. Zesumme mat de Fuerscher vun der Covid-Task Force soll d'Situatioun déi nächst Woche weider ënnersicht gi fir cibléiert Mesuren en place ze setzen.
Elo ass mol Summervakanz, an awer stellt sech och schonn d'Fro, wéi ee sech d'Rentrée an Zäite vum Coronavirus ka virstellen. D'Covid-Task Force wëllt d'Date vun de leschte Woche weider analyséieren. Fir déi lescht zwou Woche vum Schoulbetrib gouf jo op d'Opdeelung vun de Klassen an zwee Gruppe verzicht. Dat soll evaluéiert ginn, an an d'Modelliséierungen afléissen, esou och de Lex Folscheid, héije Beamten am Educatiounsministère. Et kéint ee sech weder an der Schoul nach an der Gesellschaft en zweete Lockdown erlaben. D'Recht op Bildung wier extrem wichteg an et misst een eng verluere Generatioun vu Schüler verhënneren.
Weider virsiichteg bleiwen
An e puer Wochen hätt ee méi Donnéeën iwwer den Deconfinement an de Schoulen, seet och den Alexander Skupin vun der Covid Task Force. Bis Ufank August gëtt sech e bessert Bild iwwer d'Situatioun an de Schoulen erhofft. Wéi och de Ministère soen d'Fuerscher, datt et bis elo an de Schoulen net vill Infektioune gi wier. Et kéint een awer am Moment nach net soen u wat dat genee géif leien. Et géif awer Unzeeche ginn, datt d'Kanner manner infektiös wieren an och manner infizéiert géife ginn. Mëttelfristeg kéint ee vläicht Hygiènesmesuren ofbauen, mee et misst ee virsiichteg sinn.
"Mir hu sécherlech nach net déi lescht Wourecht", seet och de Ministère. Et wéilt een d'Daten analyséieren an dann e Rapport maache fir Konklusiounen ze zéien.
"An da musse mer als Lëtzebuerg och eng Kéier Faarw bekennen. Wann d'Schoulen net de Problem sinn, musse mer dat soen. A wann et e Problem gëtt, wäerte mer déi adequat Mesuren en place setzen"
Keng Rentrée komplett ouni Schutzmesuren
Eppes ass sécher, esou de Lex Folscheid: Et wäerten egal wéi fir d'Rentrée Hygiènesmesuren an de Schoule ginn, zum Beispill versate Pausen a bestëmmten Opdeelunge vun de Gebaier.
D'Fuerscher roden och de Social distancing an de Schoule bäizebehalen. Eng Schoulrentrée ouni iergendwelch Mesure kéint mëttelfristeg nees zu méi Infektiounen a méi Doudegen zu Lëtzebuerg féieren, esou d'Simulatiounen. Wéi eng Mesure genee néideg sinn, ass nach an der Diskussioun, seet den Alexander Skupin. No sengen Informatioune kéint den Ofstand an de Grondschoule garantéiert ginn an de Lycéeë manner. Dofir misst een am Lycée eventuell op Maske setzen an an der Grondschoul net, sou de Fuerscher.
Ob Masken am Klassesall néideg sinn, ass um Enn eng Fro vun Ofweien, esou de Lex Folscheid. Sozial Distanz a Masken ass wéi Airbag a Sécherheetsgurt, esou de Fuerscher Alexander Skupin. Zesumme géif et besser wierken, mee et sollt een op d'Mannst eppes dovun hunn.