Radioen

On air

De Moien  |  Clara Luciani - Comme Toi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweete positive Fall am Prisongsblock zu Schraasseg

ADMINISTRATION PÉNITENTIAIRE

Zweete positive Fall am Prisongsblock zu Schraasseg

Am Prisong zu Schraasseg huet sech en zweeten Detenu mam Coronavirus ugestach, präziséiert de Chef vun der Prisongsverwaltung op Nofro hin. De Serge Legil dementéiert och Informatiounen, déi vun engem Agent pénitentaire via Video-Message op de soziale Medie verbreet goufen.

auto_stories

2 min

Am Prisong zu Schraasseg huet sech en zweeten Detenu mam Coronavirus ugestach, präziséiert de Chef vun der Prisongsverwaltung op Nofro hin.

Positive Fall huet sech an der Zell ugestach

De Betraffene géif keng Symptomer weisen a wier ee vun zwee Zellematbewunner gewiescht vum Detenu, deen um Freideg positiv getest gouf.

Enger Enquête vun de Medezinner no hätt den Detenu sech viru senger Haft ugestach. Et wier ee vun de rare Fäll, déi réischt no méi wéi 7 Deeg - also no der Quarantän um Ufank vun der Haftzäit - positiv beim PCR-Test ugewisen hätt.

De Serge Legil seet, datt een d'Quarantänszäit elo zesumme mat de Medezinner re-evaluéiere géif: si kéint vu 7 op 10 Deeg eropgesat ginn, awer just wann et statistesch vertrietbar wier. Den Ufank vun enger Haftzäit wier och sou scho stresseg genuch.

Video-Aussoe wiere falsch

De Chef vun der Prisongsverwaltung dementéiert iwwerdeems och Informatiounen, déi vun engem Agent pénitentaire via Video-Message op de soziale Medie verbreet goufen.

An deem Video gouf de Reproche formuléiert, datt ee Klima vun der Angscht sollt geschafe ginn, fir d'Impfbereetschaft am Prisong ze verstäerken.

D'Aussoen an deem Video wiere falsch, esou de Serge Legil:

"Mir kënnen objektiv beleeën, wéi vill Leit vun den Detenuen infizéiert waren, an do féiert kee Wee derlaanscht (...) Wann dann d'Regierung ernimmt gëtt a Wourechte verdréint ginn, da ginn d'Alarmklacke lass."

Bis ewell hätt bësse méi wéi d'Hallschent vun den Detenuen sech bereet gewise fir eng Impfung. Et wier och eng Opklärungscampagne vun den Dokteren am Gaangen, mee sech impfen ze loosse wier weiderhin ee perséinleche Choix.

Den Agent pénitentaire stellt am Video och d'Fiabilitéit vun de PCR-Tester a Fro. Dat, well d'Detenuë bei engem zweeten Test bal ëmmer negativ gewiescht wieren. De Serge Legil präziséiert, datt dësen zweeten Test net direkt, mee, wéi vun der Santé virgesinn, "à la sortie de la quarantaine", also 7 Deeg nom éischten Test duerchgefouert ginn.

Anescht wéi am Video duergestallt wieren d'Agents penitentiaire och net prioritär bei der Impfcampagne. De Serge Legil hätt dëst zwar begréisst: hien hält den Avis vum Ethikrot, bei Impfstoffmangel verschidde Beruffsgruppen net ze prioriséieren awer fir vertrietbar.