Radioen

On air

Resonanzen  |  E volle Concertsweekend am Éislek

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schrëtt fir Schrëtt zesummewuessen

Landesverband an OGBL

Schrëtt fir Schrëtt zesummewuessen

Den Nico Wennmacher ka sech virstellen, datt d'Gewerkschafte Landesverband an OGBL no an no zesummewuessen. All d'Membere solle mat an d'Boot geholl ginn, seet de Member vun der Verbandsleedung vum Landesverband a fréiere Gewerkschaftspresident.

auto_stories

2 min

E méiglechen Zesummeschloss vum Landesverband an OGBL.

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Virun zwee Joer war decidéiert ginn, datt déi Responsabel vum Landesverband Gespréicher mam OGBL solle féieren iwwer d'Intensivéierung an d'Ofsécherung vun der gewerkschaftlecher Zesummenaarbecht.

Den ausseruerdentleche Kongress vum Landesverband a knapp dräi Woche wier eng "logesch Folleg" dovun. Op dësem Kongress wäerten d'Resultater vun de Gespréicher ënnerbreet ginn, seet den Nico Wennmacher. Et géif da vun den Delegéierten um Kongress ofhänken, wéi wäit datt ee wéilt mam OGBL zesummeschaffen.

Schrëtt fir Schrëtt zesummewuessen

Nach wieren eng Partie Gespréicher ze féieren. Enn November soll definéiert ginn, wouriwwer genee um Kongress ofgestëmmt gëtt. Den Nico Wennmacher ka sech virstellen, datt déi zwou Organisatioune "step by step" kéinten zesummewuessen, an "net vun haut op muer".

D'Zesummegoe vun de béide Gewerkschafte si fir de Member vun der Verbandsleedung vum Landesverband aus enger Rei Ursaache wichteg: et misst een d'Gewerkschaftsbeweegung zu Lëtzebuerg insgesamt stäerken. "Ech huelen nëmmen als Beispill elo d'Patronat, dat refuséiert am Dialog mat de Gewerkschaften ze verhandelen.", seet den Nico Wennmacher.

Identitéit vum Landesverband erhalen

Wann et mëttelfristeg zu enger Fusioun kéim, da wier et wichteg, datt d'Positioune vum Landesverband och an Zukunft vertruede ginn, vläicht nach mat méi Energie, seet de fréiere President.

Et kéint och sinn, datt d'Identitéit vum Landesverband - enger Gewerkschaft vun 110 Joer - erhale bleift. Fir den Nico Wennmacher ass et wichteg, datt jiddweree sech herno kann erëmerkennen, ënner anerem iwwer déi programmatesch Zilsetzungen oder den Numm.

RTL hat gëschter gemellt, datt de Landesverband an den Onofhängege Gewerkschaftsbond OGBL kéint integréiert ginn. De President vum Landesverband Georges Merenz wëllt sech eréischt am Laf vun dëser Woch zu de Verhandlunge mam OGBL äusseren, huet et op eis Nofro hi geheescht. De Landesverband (FNCTTFEL), deen d'Interessen an de Beräicher Eisebunn an ëffentlechen Déngscht vertrëtt, huet eegener Ausso no ronn 6.000 Memberen.