Radioen

On air

Espresso Beats  |  Twen - SeaStar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir de Klimaschutz kämpfen oder blo machen?

EU-Klimapolitik

Fir de Klimaschutz kämpfen oder blo machen?

Dee 7. Donneschdeg hannerenee marschéieren zu Bréissel Dausende vu Schüler duerch d'Stroosse fir géint de Klimawandel ze demonstréieren. Dës Kéier mat der prominenter Ënnerstëtzung vun der Klima-Aktivistin Greta Thunberg. Dierf een d'Schoul schwänze fir géint de Klimawandel ze demonstréieren? A wat huet d'EU als Äntwert op dës Manifestatioune parat?

auto_stories

3 min

Schonn zanter Woche maachen zu Bréissel all Donneschdeg Dausende vu Schülerinnen a Schüler mat Kaméidi drop opmierksam, datt si es genuch hu vu Politiker, déi näischt ënnerhuelen, fir de Klima ze retten.

Haut ass déi 16 Joer al schwedesch Aktivistin Greta Thunberg, déi am August domat ugefaangen huet fir eng aner Klimapolitik ze streiken, an der belscher Haaptstad mat dobäi. Dat dierft nach méi Schüler inspiréieren, mat ze marschéieren.

Schülerstreik gëtt gelueft a kritiséiert

Vill Europadeputéiert hu sech per Twitter-Noriicht oder op Facebook hanner déi jonk Demonstrante gestallt an hiren Asaz gelueft. Virun allem bei grénge Politiker kënnt d'Aktioun gutt un. "Déi Beweegung an der Belsch mécht Hoffnung, datt sech eppes deet, an der Belsch mee och op anere Plazen an Europa", seet de spueneschen Europadeputéierte Florent Marcellesi vun deene Gréngen.

Effektiv hu sech nach anerer um belsche Beispill inspiréiert. "Wir sind hier, wir sind laut, weil Ihr uns die Zukunft klaut", sou heescht et neierdéngs och an Däitschland op Demonstratiounen, déi freides ënner dem Motto "Fridays for Future" lafen. Demonstréiert gëtt während der Schoulzäit. An dat huet fir Diskussioune gesuergt.

Den däitschen Europadeputéierte vun der CDU, de Peter Liese, huet Versteesdemech fir déi, déi soen, hei géif an 1. Linn d'Schoul geschwänzt ginn. "D'Protester wiere méi kredibel, wa se net während der Schoulzäit wieren", seet hien.

Beim Klima wier e laangfristegen Asaz gefrot, sou de Peter Liese an et kéint ee schliisslech net jorelaang während der Schoul op d'Strooss goen.

"EU ass awer nach Nummer 1 am Klimaschutz"

D'Politiker sollte sech un deene Jonken inspiréieren, fënnt de Grénge Florent Marcellesi. Hien huet och schonn Iddien dofir, wat déi belsch Regierung kéint fir Konsequenzen zéien. "D'Belsch kéint domat ophalen, géint EU-Direktiven, wéi déi vun der erneierbarer Energie oder déi iwwer d'Energie-Effikassitéit ze stëmmen", seet hien.

Déi Saach mam Klima gesäit de Peter Liese net esou negativ, wéi d'Leit op der Strooss. Ëmmerhi wier d'EU nach ëmmer Weltleader am Klimaschutz.

Wat géif hien den Demonstranten da soen, wann hien dräi Saachen opziele sollt, déi konkret geschitt sinn?

Éischtens wier den Emissiounshandel dramatesch verschäerft ginn, wat och dozou geféiert hätt, datt Kuelekraaftwierker ofgeschalt ginn. Zweetens wier d'EU am Gaange streng Ziler fir CO2-Emissioune fir Autoen ze decidéieren an drëttens géif d'EU sech op internationalem Niveau weider wéi keen anere fir de Klimaschutz staark maachen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.