Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schummer: Impfstoffbeschafung mam Jean-Louis Schiltz ofgeschwat

HRS

Schummer: Impfstoffbeschafung mam Jean-Louis Schiltz ofgeschwat

Den Nach-Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman gëtt zou, datt d'Spidol probéiert huet u Corona-Impfstoff ze kommen. Dat wier mam President vum Verwaltungsrot, dem Jean-Louis Schiltz, ofgeschwat gewiescht, sot eis den Dokter Claude Schummer. Hien hätt an Ofsprooch mam Jean-Louis Schiltz bei Pfizer Lëtzebuerg gefrot fir Impfstoff ze kréien. An de Jean-Louis Schiltz hätt souguer selwer Demarchen am Ausland gemaach, déi an déi selwecht Richtung gaange sinn. Den initiale Plang wier et gewiescht, fir d'Mataarbechter vu Betriber ze impfen, an net fir mat privaten Assurancëgesellschaften zesummen ze schaffen.

auto_stories

3 min


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


De Claude Schummer seet, hien hätt de 5. Januar Pfizer Lëtzebuerg kontaktéiert. Hien hätt 200.000 Impfdosisse gefrot fir 100.000 Leit kënnen ze impfen. Pfizer hätt him en Datum am Abrëll genannt, vu wéini un esou eppes méiglech wier.

Am Tageblatt hat Pfizer confirméiert, datt et e Gespréich mam Claude Schummer gouf. Pfizer hat awer dementéiert, datt eng Bestellung gemaach gouf: "Zurzeit ist unser einziger Ansprechpartner in Luxemburg das Gesundheitsministerium und wir liefern ausschließlich dorthin, wo das Ministerium es bestimmt", gouf de Reginald Decreane, Generaldirekter vu Pfizer Lëtzebuerg, am Tageblatt zitéiert. A weider: "Wann der Impfstoff auf den freien Markt kommt und zu welchem Preis, das ist derzeit noch überhaupt nicht abzusehen."

DKV: Net u privater Impfcampagne bedeelegt

D'Dokteschassociatioun AMMD hat als éischt ëffentlech vun engem Versuch vum Groupe HRS geschwat fir un Impfstoff ze kommen. De Méindeg de Moien hat RTL gemellt, datt de Claude Schummer probéiert hätt eleng eng privat Impfstrategie parallel zur Regierung ze lancéieren, fir duerno zesumme mat der Assurancëgesellschaft DKV Leit privat ze impfen.

D'Assurancëgesellschaft DKV hätt zu kengem Zäitpunkt eng privat Initiativ geplangt fir Leit géint Covid19 ze impfen. Dat schreift DKV an engem Communiqué an distanzéiert sech domadder vun enger RTL-Informatioun. Am Communiqué verbitt sech d'DK ausdrécklech an d'Interna vun den HRS verwéckelt ze ginn heescht et weider.

Schummer: Net kloer, firwat HRS sech vun him wëllt trennen

Et wier elo kloer, wisou de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman zanter enger Woch net méi um Büro wier. Wéi de Spriecher vum Groupe HRS et d'lescht Woch confirméiert hat, ass den Nach-Generaldirekter zënter dem 8. Mäerz net méi um Büro. Béid Säite solle getrennte Weeër goen.

Op eis Nofro hi seet de Claude Schummer, datt et him net kloer wier wisou d'HRS SA sech wéilt vun him trennen, a wisou hien an engem Congé exzeptionell wier. Bis haut hätt hien nach keng Explikatioun dozou kritt.

Anescht wéi d'Wort gemellt hat soll de Verwaltungsrot eisen Informatiounen no net haut iwwer Zukunft vum Direkter decidéieren, mee eréischt muer. Den Owend soll de Conseil médical zesumme kommen fir iwwert d'Situatioun ze diskutéieren.

Gëschter hat de Conseil sech schonn an engem Communiqué vun de rezenten Meenungsverschiddenheeten distanzéiert déi op der Place publique ausgedroe ginn. De Conseil Médical huet de Verwaltungsrot vun HRS gefrot fir nees eng Stabilitéit an der Institutioun hierzestellen fir datt d'Dokterschaft sech nees voll a ganz hirer Missioun kenne widmen.

Onberechtegt Impfungen: Schummer gëtt Feelverhalen zou

De Claude Schummer gëtt weider zou, datt hien ee pensionéierten Dokter onberechtegt op d'Impflëscht gesat hätt. Deen hätt allerdéngs nach en Agrément a durée déterminé gehat. Et wieren och Faillen an der Logistik ginn. Doduerch wiere Leit op d'Impflëscht gerutscht déi nach guer net un der Rei gewiescht wieren.

Wéi mir dat gemellt haten, koum et an e puer Spideeler zu Irregularitéite wärend der Impfcampagne. De Gesondheetsministère huet wéinst eiser Berichterstattung vun de Spideeler Prezisioune gefrot.

Am Groupe HRS huet en internen Audit eng hallef Dosen diskutabel Fäll opgelëscht. Donieft gouf d'Spidol kritiséiert, well d'Presidence vum Verwaltungsrot sech fréizäiteg impfe gelooss huet.

Reaktioun HRS: Keng parallel Impfcampagne geplangt

De Méindeg de Moien hunn d'Hôpitaux Robert Schuman als Institutioun reagéiert a gesot datt si zu kengem Zäitpunkt eng privat oder parallel Impfcampagne zur Regierung geplangt haten. Esou eng Demarche wier fir d'HRS absolut net ze toleréieren.

Méi spéit huet de Pressespriecher nach präziséiert datt d'Hiérarche vum Group HRS net au courant gewiescht wier iwwer dem Claude Schummer seng Initiativ bei enger privater Assurance.