Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gossip - Real Power

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwaache Whistleblower-Schutz am Internet

Kontext #chamberleak

Schwaache Whistleblower-Schutz am Internet

Dem radio 100,7 läit e Fall vir vun enger Sécherheetslacune op enger staatlecher Internetplattform, déi net behuewe gouf well de Whistleblower kee Schutz viru penale Sanktioune garantéiert krut. D'Persoun, déi sech no de Chamberleaks un eis adresséiert huet, ass virun enger gewësser Zäit op déi onverschlësselt Passwierder vun den iwwer dausend Notzer vun der Plattform gestouss, dorënner Ministeren, Deputéiert, Journalisten a Beamten.

auto_stories

2 min

Fir op d'Faille opmierksam ze ginn huet ee missen en Accès zur Plattform hunn an et huet ee wéineg informatesch Kenntnisser gebraucht. D'Persoun huet sech virun enger Zäit anonym un de staatlechen Zerwiss GovCert adresséiert fir d'Faille ze mellen, huet awer verlaangt datt si net juristesch poursuivéiert gëtt. Dofir géif et keng Garantie ginn, huet GovCert geäntwert. De Whistleblower huet doropshin näischt méi ënnerholl.

Mat de Passwierder, déi een iwwert dëse Wee kréie konnt, hätt ee méiglecherweis och kënnen an aner staatlech an net-staatlech Reseauen eragoen. Verschidde Passwierder waren dem Whistleblower senge Recherchen no och scho virdru geleaked ginn an also wahrscheinlech iwwert e längeren Zäitraum net erneiert ginn.

Keng Garantie fir Immunitéit

Well de radio 100,7 keen Zougang zur Datebank huet, konnte mir net iwwerpréiwen, ob d'Faille haut nach besteet. De Whistleblower geet dovun aus, datt d'Lück nach net zougemaach gouf. Hie géif d'Faille haut mellen, wann hien d'Garantie kréich datt hien net poursuivéiert gëtt a wann d'Notzer vun där Plattform géifen iwwer d'Panne informéiert ginn.

An engem anere Fall huet de selwechte Whistleblower eegenen Aussoen no eng Sécherheetslacune gemellt, déi him an der Smartphone-App vun der Police opgefall war. D'Police hätt deemools wëllen eng Plainte maachen. De staatleche Circl hätt awer vermëttelt, vun der Plainte ofgeroden an d'Anonymitéit vum Whistleblower garantéiert. D'Faille gouf behuewen.

Kee Whistleblower-Schutz zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg gëtt et kee Whistleblower-Schutz. De Justizminister Felix Braz sot dem Lëtzebuerger Wort d'lescht Woch, hie géif op eng europäesch Initiative waarden. Domat ass kloer ginn, datt déi blo-rout-gréng Regierung an dëser Legislaturperiod kee Gesetzprojet méi op den Instanzewee geschéckt gëtt.

D'Persoun, déi an dësem Fall op eng Faille opmierksam gouf, seet, si hätt sech bewosst un d'Press adresséiert. Journalisten hätte wéinstens e gewësse Schutz, deen aner Leit net hätten.

Viru knapp véier Joer war de Sven Clement an der Affaire Medico-Leaks wéinst frauduléisem Accès zu enger Datebank zu enger Geldstrof vu 500 Euro condamnéiert ginn. De President vun der Piratepartei wollt deemools eegenen Aussoen no och just op eng Sécherheetslacune opmierksam maachen.


De Jean-Claude Franck am Panorama den Donneschdeg, 15. Mäerz um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow