Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwaarzaarbecht zu Lëtzebuerg

Ekonomie

Schwaarzaarbecht zu Lëtzebuerg

D'Schwaarzaarbecht betrëfft och zu Lëtzebuerg vill Leit. Mee et géif keng Statistiken an net genuch Kontrollen, sou d'Gewerkschaften an d'Patronen. De Pierre Reyland huet mat Betraffenen, mat de Gewerkschaften a mat Patronen iwwer d'Schwaarzaarbecht geschwat.

auto_stories

4 min

Zu Esch hu mir mat enger jonker Portugisin geschwat. Si huet bal ee Joer laang an engem Café geschafft.

Hire fréiere Patron hätt hir fir d'éischt e Kontrakt vu 40 Stonne ginn. Méi spéit huet hien hir erkläert, datt hie si net fir 40 Stonne kéint deklaréieren an hir e Kontrakt vu just nach 20 Stonnen ugebueden. Si hätt awer vill méi wéi 20 Stonnen d'Woch geschafft, zielt d'Fra. Am Ganzen 12-13 Stonnen all Dag. Dofir hätt si dann e Salaire vu ronn 1.300 Euro kritt.

Déi vill Iwwerstonnen hätt si net bezuelt kritt, hire Patron hätt si also schwaarz schaffe gelooss. Dat wier am Secteur vun der Restauratioun wäit verbreet, vill vun hire Bekannte wieren an enger ähnlecher Situatioun gewiescht. Et géif awer kee sech trauen, beim Patron ze reklaméieren, aus Angscht, d'Aarbecht ze verléieren. Hire Patron hätt hir ze verstoe ginn, datt hien net op si ugewise wier.

Déi vill Iwwerstonnen, deen niddrege Salaire, de Stress, hätten derzou bäigedroen, datt si krank gouf. Si hätt misste bei de Psychiater goen an esouguer ophale mat schaffen.

Statistike feelen

D'Fra huet dunn hir Gewerkschaft ageschalt, op Drock vum Syndikat krut si vum Patron hir Salaires-Fichen - hie wollt déi laang net hierginn - a si krut Congésdeeg bezuelt, déi nach ausstoungen. Déi vill Iwwerstonnen, déi si geschafft huet, krut si ni bezuelt. Haut huet si eng aner Plaz, am Botzsecteur.

Iwwer d'Ausmooss vun der Schwaarzaarbecht zu Lëtzebuerg feele Statistiken. Kloer ass awer, datt net just den HORESCA Secteur betraff ass, sou de Christophe Knebeler vum LCGB. Och den Transport- oder de Konstruktiounssecteur wiere betraff, nieft villen aneren. Et géif verschidde Secteure ginn, an deenen et méi einfach wier, fir Leit "an eng Situatioun vu Schwaarzaarbecht ze setzen", sou de Christophe Knebeler.

Och am Bausecteur wier Schwaarzaarbecht e Problem. Mee och do feelen Zuelen, sou de Jean-Marc Kieffer, President vum Groupement vun den Entrepreneuren. Bei grousse Projeten hätt een et éischter mat sozialem Dumping ze ginn, wou Acteure sech net géifen un d'Kollektivverträg halen.

D'Roll vun de Gewerkschaften

Am Bausecteur wier de sozialen Dumping méi wäit verbreet, wann Aarbechter aus anere Länner fir Bauprojeten op Lëtzebuerg detachéiert ginn. Souguer wann déi Leit manner géife verdénge wéi "d'Leit hei", géife si schlussendlech nach méi verdéngen, wéi an hirem Heemechtsland. "Dat heescht, déi hunn och net onbedéngt en Interêt fir sou Praktiken a Fro ze stellen", seet de Jean-Marc Kieffer.

D'Schwaarzaarbecht geschitt par Definitioun ënner dem Radar. D'Gewerkschafte kréien heiansdo virgehäit, si kéinten a misste méi géint de Problem maachen. Eng Gewerkschaft dierft awer beispillsweis keng Kontroll maachen. Et géif och eng Grozon existéieren, "wou d'Leit sech net trauen, sech ze mellen", seet de Jean-Luc De Matteis vum OGBL. Wann een awer géif gewuer ginn, datt a Betriber Saache géife schlecht lafen, da géif een d'ITM och froen, datt si op déi Plaze kontrolléiere geet.

Déi Kontrolle vun der ITM, der Gewerbeinspektioun, an zum Deel och der Douane, wieren deen eenzegen effikasse Moyen, fir d'Schwaarzaarbecht ze bekämpfen. Mee, souwuel d'Gewerkschafte wéi och d'Patrone soe scho laang, datt méi streng a méi reegelméisseg misst kontrolléiert ginn.

Rekrutement iwwer d'Arméi

Et ass awer och scho laang bekannt, datt d'ITM net genuch Leit huet, méi Kontrollen ze maachen. Den Aarbechtsminister Dan Kersch hat dëse Problem de leschte Sonndeg an eiser radio 100,7-Emissioun Riicht eraus ugeschwat. Hien huet proposéiert fir an der ITM nach eng weider Kontrollinstanz ze schafen, déi an der Carrière ënner den Inspekteren ugesidelt géif ginn. "Déi kënnen och net alles am Detail kontrolléieren, wéi d'Inspekteren dat opgrond vun hirer Carrière kënne maachen", sou den Dan Kersch.

"Dat sollt eng Trupp ginn, wou ech mir virstellen, datt mir pro Joer zéng Leit rekrutéieren, déi mat der Arméi fäerdeg sinn, an déi scho während hirer Arméizäit eng gewësse Formatioun kéinte kréien. Sou datt een an zéng Joer praktesch eng Trupp do hätt vun 100 Leit, déi d'Schantercher kéinte kontrolléiere goen. Leit, déi mir iwwer d'Arméi rekrutéieren. Sou wéi mir och bei de Rettungsdéngschter oder bei der Police zum Deel Leit iwwer d'Arméi rekrutéieren."

Aner Méiglechkeete fir d'Schwaarzaarbecht ze bekämpfe sinn Initiative wéi de sougenannte Badge social, deen et am Bausecteur scho gëtt. Dat ass e Badge dee weise soll, datt Salariéë legal ugestallt sinn a schaffen. Op deem Badge missten awer méi Detailer, sinn - den Ament wier zum Beispill keng Foto drop, sou de Jean-Marc Kieffer. De Jean-Luc De Matteis vum OGBL mengt, sou e Badge kéint een och am HORESCA an an anere Secteuren aféieren.