Radioen

On air

Al Schanken  |  Stephen Bruton - Make That Call

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwieregen zweeten Ulaf

NEI EU-KOMMISSIOUN

Schwieregen zweeten Ulaf

Nodeems d'Europaparlament dräi Kandidate refuséiert huet, huet d'Ursula von der Leyen hir Equipe vun der zukünfteger EU-Kommissioun nach net zesummen. A Rumänie streiden de President an déi gestierzten Regierungscheffin doriwwer, wien dofir zoustänneg ass, en neie Kandidat ze schécken. An d'Fro, ob Groussbritannien ee Kommissär nominéieren muss, ass och nach op. D'Paritéit am neien Team schéngt iwwerdeems kee realistescht Zil méi ze sinn.

auto_stories

5 min

D'Ursula von der Leyen muss nach e puer Hürden huelen, éier si kann als nei Cheffin vun der Europäescher Kommissioun untrieden.

De Fait, dat matten an der Prozedur fir déi nei Kommissioun op d'Been ze stellen, déi rumänesch Regierung gestierzt gouf, mécht d'Saach net méi einfach. Den Ament pocht dës Regierung weider drop, datt si d'Recht huet de Kommissär ze nennen. De chrëschtdemokratesche President Klaus Johannis bestreit dat vehement.

Bréissel kuckt op Bukarest

Zwar ass déi Nach-rumänesch Premierministesch Dancila sou laang d'Uspriechpartnerin fir déi zukünfteg Kommissiounspresidentin. Trotzdem wollt d'Ursula von der Leyen de Kandidat, dee si en Dënschdeg nach séier genannt huet, net unerkennen.

Hien hätt net de Support vum rumänesche President, erkläert d'Mina Andreeva, d'Spriecherin vun der Kommissioun. All Kandidat misst de Support vun der designéierter Presidentin a vum Parlament hunn. Dës Ausso ass eng diplomatesch Manéier fir Nee zu deem Kandidat ze soen, ouni en offiziell ze refuséieren.

Bréissel bleift awer elo näischt anescht iwwereg wéi ze waarden, bis d'Zoustännegkeeten a Rumänien gekläert sinn.

D'Fro vum briteschen EU-Kommissär

Net einfach ze beäntweren ass iwwerdeems d'Fro, ob Groussbritannien elo net awer muss ee Kommissär nominéieren. Bis elo war een dovun ausgaangen, datt d'Land d'EU den 1. November verléisst. Elo steet eng Verlängerung bis Enn Januar am Raum. An der Decisioun vun der Extensioun ass och festgehalen, datt Groussbritannien esou laang volle Member vun der EU bleift, mat alle Rechter an Obligatiounen. Dozou géif och gehéieren, ee Kandidat fir Member vun der Europäescher Kommissioun ze ginn, ze proposéieren.

Den aktuelle briteschen EU-Kommissär ass den Julian King. Gouf hie scho gefrot, ob hien nach bleift, wollt gëschter eng Journalistin wëssen a wa jo, wier hien interesséiert?

"D'Äntwert op Är éischt Fro ass Nee, sou den Julian King, deen iwwer de Rescht net spekuléiere wollt.

Datt den aktuelle britesche Premier Boris Johnson, dee jo bekannterweis sou séier wéi méiglech aus der EU eraus wëllt, elo nach ee Kommissär nennt, ass allerdéngs kaum zeerwaarden. Eng nei Regierung, déi jo den 12. Dezember kéint gewielt ginn, kéint do allerdéngs d'Saach weider duerchernee bréngen.

Muss d'Ursula von der Leyen dann elo op dee britesche Kandidat waarden, éier si ka mat hirer Equipe untrieden?

Déi juristesch Servicer vun den EU-Institutioune sinn am Gaang dee Fall ze préiwen, krute mir gëschter aus hirem Spriecherteam op Nofro matgedeelt.

Breton mécht Efforte fir Konflikt ze evitéieren

Iwwerdeems mussen déi zwee Kandidaten, déi elo vu Frankräich an Ungarn nominéiert goufen, och nach vum Europaparlament confirméiert ginn. Si goufen interviewt a fir kompetent befonnt, fir Kommissär ze ginn, sou d'Mina Andreeva.

De franséische Kandidat Thierry Breton war schonn am Virfeld wéinst méiglechen Interessekonflikter an d'Kritik geroden, déi hien als Chef vum Technologiekonzern Atos kéint als EU-Kommissär kréien.

Hien hätt hei Offere gemaach, déi wäit ginn, fir esou Konflikter ze vermeiden, erkläert dozou d'Spriecherin vun der EU-Kommissioun. Der Agence France Presse no wier de Fransous prett all seng Parte bei Atos ze verkafen, wann hie Kommissär géif ginn.

D'Fro ass, ob dat dem Europaparlament wäert duergoen. Do war d'Gréisst vum Portefeuille bei der viregter franséischer Kandidatin och kritiséiert ginn. Déi bleift awer, hat d'Ursula von der Leyen schonn déi lescht Woch gesot. Domat wier den Thierry Breton fir de Bannemaart, d'Digitalisatioun an d'Industrie vun der Defense zoustänneg.

Nicolas Schmit ass dofir, säin Titel ze ergänzen

Bei aneren EU-Kommissäre geet et ëm den Titel, deen dem Europaparlament net ëmmer gefall huet.

Foto: Lukasz Kobus / European Union

Zum Beispill dee vum Lëtzebuerger Kandidat Nicolas Schmit, dee soll EU-Kommissär fir den Emploi ginn. De Volet vum Soziale misst awer och explizit am Titel ernimmt ginn, fuerdert seng Fraktioun, déi vun de Sozialisten. Domat ass den Nicolas Schmit averstanen:

"Mäi Wonsch wier scho fir dat ze ergänzen. Net wéinst mir. Ech weess, wat mäi Mandat ass. Ech krut mäi Mandat. An do steet net nëmmen "jobs", do steet all dee Rescht. Mee et schéngt jo, datt d'Leit dobaussen dat net richteg verstinn. An dat ass net gutt, wann d'Leit eis Missioun net richteg verstinn. Dann ass et effektiv besser, dat ze präziséieren. An ech hoffen, datt dat gemaach gëtt."

Am Fall, wou den Titel net ergänzt gëtt, géif hie sech awer Méi ginn, datt d'Leit dobausse matkréien, aus wat seng Missioun besteet, sou nach den Nicolas Schmit.

11 Fraen a 15 Männer

Bleift och nach d'Verspriechen, an där nächster Kommissioun wiere genee esou vill Frae wéi Männer. Nodeems Frankräich an Ungarn allebéid Männer nominéiert hunn, sti mir bei 15 männleche géint 11 weibleche Kandidaten. Hei probéiert een elo offensichtlech dem Parlament d'Schold ze ginn.

D'Ursula von der Leyen war konform mat hirem Zil, wéi si hir Equipe den 10. September presentéiert huet. Et wier schliisslech d'Parlament gewiescht, dat dräi Kandidate refuséiert huet, wouvun der zwou Frae waren.

D'Ursula von der Leyen géif et bedaueren, sou nach d'Mina Andreeva, wann um Enn déi Paritéit net erreecht géif.

D'Europaparlament soll de 27. November iwwer déi nei EU-Kommissioun ofstëmmen. Sou ass et elo am virleefegen Ordre du jour festgehalen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.