Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Science Wars

Fräie Mikro

Science Wars

Déi aktuell Situatioun wéinst der Corono-Kris ass erstaunlech. An dat obwuel mer un eng gewëssen Onduerchsichtegkeet gewinnt sinn, an obwuel reegelméisseg Krisen a Katastrophen eis definitiv d'Gefill geholl hunn, an enger sécherer Welt ze liewen. Nach ni gouf et esouvill an esou weltwäit kontradiktoresch Informatiounen iwwer esou e klengt Déngen, mat esou massive Konsequenzen. An och d'Wëssenschafte schéngen eis keen einfache Wee do eraus ze weisen, mengt de Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

An den 1990er Jore gouf et an Amerika eng grouss akademesch Debatt tëschent Naturwëssenschaftler an Humanwëssenschaftler, déi den Numm "Science Wars" krut. Dëse Sträit war mam Alan Sokal, en amerikanesche Physiker, sengem Hoax lassgaangen.

De Sokal hat nämlech en Artikel, am Sënn vun der postmoderner Philosophie, mee ugeräichert mat onzielege wëssenschaftleche Feeler, an enger vun den bekanntste postmodernen Zäitschrëfte verëffentlecht. No der Publikatioun huet hien du säi Schwindel-Artikel selwer opgedeckt fir domat ze weisen, wéi liicht et ass, och déi gréissten international Intellektuell mat wëssenschaftlechem Onsënn ze täuschen.

Haut, wou mer eis all mat Angscht ëm eis Gesondheet un d'Naturwëssenschaftler wenden, geschitt an dëse Wëssenschafte selwer eppes änlech Beonrouegendes.

De Jürgen Habermas, dee schonn 1985 en Buch iwwer déi nei Oniwwersichtlechkeet verëffentlecht hat, huet virun zwou Wochen an engem Interview bemierkt, datt eis komplex Gesellschafte bis elo zwar ëmmer mat grousse lokalen Onsécherheeten ze dinn haten. Mee datt déi Oniwwersichlechkeet déi mer elo erliewen, mat senger Gläichsäitegkeet an Ausdeenung dach eemoleg ass.

Verschidde Wëssenschaftsdisziplinnen erzielen ënnerschiddlech Geschichten

Obwuel et bei den aktuellen Debatten iwwerall ëm deen nämmlechte Virus geet, schéngt heiansdo kee sech eeneg. Mikrobiologen a Virologe vermëttelen aner Kenntnisser iwwer de Virus wéi Epidemiologen oder Gesondheetsstatistiker, an Allgemeng- an Intensivmedizinner schéngen eng aner Geschicht ze ziele wéi Pulmologen an Infektiologen.

Dat ass erschreckend fir dat populäert Verständnis vun der Wëssenschaft. Wëssenschaft, esou huet et geschéngt, ass eppes Koherentes, dat mat enger Method, ee geséchert objektiivt Wësse liwwert, oder eng richteg Wourecht entdeckt, no där da gehandelt ka ginn.

Leider ass dat an der Wëssenschaft net esou einfach, wéi et an dësem verkierzte Verständnis schéngt. Esou hat zum Beispill den aktuelle Sträit tëschent Mikrobiologen an Epidemiologen och schonn e Virspill an den 90er Joren, wou et ëm d'Fro vun der Schiedlechkeet vum Tubak goung.

Wärend Epidemiologe mat hire statisteschen Analysen a mathematesche Modeller Tubak-Erkrankungen an der Bevëlkerung kloer noweise konnten, waren d'Mikrobiologen an de Laboratoiren nach net esou wäit. An dunn ass eppes Iwwerraschendes geschitt: Epidemiologie gouf als Wëssenschaft disqualifizéiert, mam Argument, datt richteg Erkenntnis vun de Krankheetsursaache just am Laboratoire nogewise ka ginn.

"Wëssenschafte liwwere kee Katechismus vun onbezweifelbare Wourechten."

Déi Op-, Of- an Ëmwäertung vun de verschiddenen Erkenntnisser a Wëssenschaften hat op där enger Säit wëssenschaftsgeschichtlech an theoretesch Grënn. Mee och Tubaksindustrie huet sech deemools massiv medial a lobbyistesch fir d'Seriositéit vun der Mikrobiologie an der ëffentlecher Meenung a Politik agesat.

Wëssenschafte liwwere kee Katechismus vun onbezweifelbare Wourechten. An dat ass keng Kritik un de Wëssenschaften. Wëssenschafte sinn eng komplex sozial Aktivitéit, bei där och wirtschaftlech, politesch an institutionell Facteuren eng wichteg Roll spillen. Wëssenschaftlechen Heroismus vun e puer supposéiert genialen Eenzelgänger wäert eis op alle Fall elo net retten.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.