Radioen

On air

Notturno  |  Whitney - No Woman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Sech mat China un een Dësch setzen"

Bettel a China

"Sech mat China un een Dësch setzen"

Zu Peking gëtt de Xavier Bettel um Méindeg vum chinesesche Premier LI Kequiang empfaangen. De Lëtzebuerger Premier ass nach bis e Mëttwoch op offizieller Visite a China. Seng Visite an der Volleksrepublik kéim zu engem wichtege Moment. China géif op internationalem Niveau an an de Relatioune mat der EU eng wichteg Roll spillen.

auto_stories

2 min

De Prinzip fir zesummen no Léisungen ze siche gëlt och fir d'Situatioun vun de Mënscherechter a China, seet de Xavier Bettel. De Premier hofft op Fortschrëtter duerch geplangten nei Gespréicher tëscht der Europäescher Unioun a China an dësem Beräich.

"Et gëtt kee Sujet, deen däerf Tabu sinn", seet de Xavier Bettel. "Mir kréien näischt geännert wa mir hinne soen, wat si schlecht maachen. Mir kréie Saache geännert wa mir eis mat hinne ronderëm en Dësch setzen an eis Ziler ginn a gemeinsam Agendae ginn." Op internationalem Niveau géif dacks vill iwwer deen anere geschwat ginn, awer leider net dacks ee mat deem aneren.

Keng Komplexer

China ass hannert den USA déi zweet gréisst Wirtschaft op der Welt. Mat nach ëmmer enger ganz staarker Croissance. Aner Saache wieren awer wéinst der Wirtschaft net egal, seet de Xavier Bettel.

Beim Optakt vu senger offizieller Visite huet de Lëtzebuerger Premier vu gudde Relatioune mat China geschwat. De Grand-Duché géif zu Peking mat ganz vill Respekt empfaange ginn. "Et brauch een net Komplexer ze hunn. Mir si Partner mat China. Et ass net hei dee Groussen, deen Klengen ëmfänkt. Et sinn zwee Länner, déi matenee gutt schaffen, a ville Beräicher."

A Präsenz vun de béide Regierungscheffe ginn e Méindeg zu Peking eng Rei Accorden ënnerschriwwen. Dorënner dee fir déi geplangte Gemeinschafts-Cargo-Airline tëschent der Cargolux an der chinesescher Provënz Henan. Dës nei Gesellschaft soll mat dräi Fligeren ufänken ze funktionéieren, sou de Cargolux Generaldirekter Richard Forson op Nofro hin.

Op der Visite a China dobäi sinn och d'Ministere François Bausch a Pierre Gramegna.

Reportage vum S. Kesselerplay_arrow