Radioen

On air

Espresso Beats  |  Sinkane - Everything Is Everything Feat. Tru Osborne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sech op en haarde Brexit virbereeden

Brexit

Sech op en haarde Brexit virbereeden

D'britescht Parlament huet de Brexit-Accord mat der EU ofgeleent. 432 Deputéierter hunn dogéint gestëmmt, 202 Deputéierter waren dofir. Et ass eng batter Nidderlag fir d'Premierministesch Theresa May. Op Demande vum Oppositiouns- a Labour-Chef Jeremy Corbyn ass de Mëttwoch den Owend um 20 Auer eiser Zäit e Mësstrauensvott géint d'Regierung. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn gëtt seng Aschätzungen iwwer de weidere Verlaf.

auto_stories

3 min

Jean Asselborn (Foto: Archiv)

Pierre Reyland: Ass d'EU bereet fir den Austrëttsaccord oder Deeler dovun elo nei ze verhandelen?

Jean Asselborn: Meng Äntwert ass "nee". Mir hu jo mol haut fir d'éischt de Mësstrauensvott vu Labour. Ech si mam Commentaire d'Accord, datt d'Regierung May den Owend nach steet, grad wéi och d'Inconnu, wéi et weider soll goen. Mir hu gëschter zwou Gewëssheete kritt. D'britescht Parlament wëllt den Accord, dee mat der EU fonnt ginn ass, absolutt net guttheeschen an d'britescht Parlament wëllt och keen No-Deal.

D'Madame May huet elo dräi Deeg Zäit, fir eng Propos ze maachen, an ech ka mir net virstellen, datt elo mat Bréissel kann noverhandelt ginn. Beim Backstop klemmt et, also bei der Versécherung, datt d'iresch Grenz ni eng haart Grenz gëtt. Ech ka mir net virstellen, datt op ee Mol do eng total aner Positioun an der EU ausgeschafft géif ginn. D'Optioun, fir den Datum vum Austrëtt op een Datum nom 29. Mäerz ze verleeën, kann net vun der EU eleng geholl ginn, well d'britescht Parlament huet d'lescht Joer am sougenannten "Withdrawal Act" festgehalen, datt Groussbritannien den 29. Mäerz aus der EU austrëtt.

Dat heescht, fir d'alleréischt bräicht et eng Majoritéit vum britesche Parlament, fir dat erëm ze kippen. Ech ka mir awer och net virstellen, datt d'EU averstanen ass, fir ouni zolidd Indikatioun deen Delai ze verlängeren. Dat ass also menger Meenung no ausgeschloss. Och fir d'Optioun vun engem zweete Referendum brauch een eng Majoritéit am britesche Parlament."

Wann d'EU - wéi Dir sot - net bereet wier, fir den Accord nei ze verhandelen, da steiert Groussbritannien op e Brexit ouni Accord zou. Ass et net och am Interessi vun der EU fir ze probéieren, dat ze verhënneren?

Selbstverständlech, dofir hu mir iwwer zéngdausende Stonnen, während annerhallwem Joer verhandelt, fir dat propper iwwer d'Bühn ze kréien. Den Accord, deen do ass, ass de beschtméiglechen Accord. Mir hunn an der Europäescher Unioun Traitéen a Gesetzer, politeschen Zesummenhalt a mir hunn alles ginn, fir de Britten entgéintzekommen. Wann dat net acceptéiert gëtt, dann ass d'Wahrscheinlechkeet grouss, datt een op en No-Deal zousteiert, wat och d'britescht Parlament net wëllt.

Ech mengen datt d'Wahrscheinlechkeet besteet, datt am britesche Parlament an den nächsten Deeg probéiert gëtt, fir eng Positioun ze fixéieren. Wann een dat Eent net wëllt, an et wëllt een och keen No-Deal, da muss ee selwer jo och kënnen eng Positioun hunn. An déi huet d'britescht Parlament net. D'Briten hunn d'Fro gestallt kritt, ob si wëllen an der Unioun bleiwen oder net. Mat der Konsequenz vun esou enger simplistescher Fro si si elo am meeschte geplot.

Mir hunn nach Zäit bis den 29. Mäerz fir eppes Spezifesches hinzekréien, tëschent der Kommissioun a Groussbritannien, mee och national musse mir eis virbereeden op en No-Deal. Mir sinn am Gaangen intensiv dodrun ze schaffen. Ech tausche mech elo mat de Lëtzebuerger Chamberdeputéierten aus - déi elo gefuerdert sinn - an de Freideg wäerte mir och scho Mesurë fixéieren - och fir d'britesch Bierger zu Lëtzebuerg - fir datt mir dat kënnen opfänken.