Radioen

On air

E-Lodie  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Sech op engem héije Niveau moossen"

Spiller vun de klenge Länner

"Sech op engem héije Niveau moossen"

150 Lëtzebuerger Sportler moosse sech an de nächsten Deeg mat Athleten aus aacht anere Natiounen zu San Marino. D'Zil wier et Erfahrungen ze sammelen, aner Sportler kennen ze léieren a gutt sportlech Leeschtungen op de Spiller vun de klenge Länner ze bréngen.

auto_stories

3 min

No der Erëffnungszeremonie um Méindeg Owend geet et en Dënschdeg mam sportlechen Deel vum Turnéier lass. Bis den drëtte Juni wäert sech d’Lëtzebuerger Delegatioun an zwielef verschiddene Sportaarte mat den Athleten aus San Marino, Zypern, Island, Montenegro, Liechtenstein, Andorra, Malta a Monaco miessen. Véier Dokteren an aacht Kinéë këmmeren sech während de sechs Deeg em d’Athleten.

Vill Sportler hunn am Virfeld vun de Spiller zouginn nervös ze sinn. Zum Beispill de Volleyball-Spiller Yannick Erpelding, dee fir d’éischt Kéier dobäi ass. Dem Yannick säi Coequipier, den Tim Laevaerts, war schonn e puer mol bei de Spiller vun de klenge Länner dobäi. Hie geet zwar méi entspaant un den Tournoi erun, mee hie freet sech och.

"Et ass ëmmer ganz speziell, well mir ëmmer eng ganz grouss Delegatioun hunn. All déi verschidden Athlete kommen déi aner Sportarten da kucken an ënnerstëtzen se."

Am Hotel géif een donieft vill Sportler kenneléieren, déi een am Alldag net ëmmer géif gesinn, esou den Tim weider. De Bob Bertemes, deen op der Mëttelstreck an der Liichtathletik un de Start wäert goen, freet sech drop, Sportler aus anere Länner kennen ze léieren. Et wier awer och flott, San Marino ze gesinn.

Preparatioun

D'Virbereedung fir d'Spiller vun de klenge Länner, war bei de Sportler ganz verschidden. De Bob Bertemes seet, datt hien zu dësem Zäitpunkt an der Saison souwisou fit muss sinn. Fir hien huet sech also net vill geännert. D'Beachvolleyballerin Rebekka Klerf op der anerer Säit huet sech mat hirer Partnerin intensiv fir den Tournoi preparéiert.

"Mir hunn eben ee klengen Nodeel well mir nach keng Beach-Hal hunn. Do sinn d'Zyprioten um Mier a mat dem gudde Wieder natierlech am Virdeel. Dat heescht, et ass schonn esou, datt mir ëmsou méi mussen trainéieren."

De Géigner aschätzen

D'Sportler ware sech eens, datt et schwiereg wier sech geziilt op d'Géigner anzestellen. Et géif een eréischt kuerz virum Tournoi wësse, géint wien een untrëtt an déi meescht géif ee sou wéi sou net kennen. Dat géif dann och d'Virbereedung schwiereg maachen, mengt de Ken Diederich, Trainer vun der Häre-Basketballs-Nationalequipe. Wéinst engem volle Wettkampf-Kalenner wier et awer och schwiereg, sech nach während dem Turnéier op aner Equippe virzebereeden, esou de Ken Diederich weider.

Dofir wier et och wichteg während dem Tournoi vill Matcher vun de Géigner kucken ze goen, seet d'Beachvolleyballerin Carole Grethen. Fir de Géigner anzeschätzen an un der eegener Taktik ze schaffen. Wann een da grad net selwer spillt oder trainéiert, wéilt een awer och d’Zäit notzen, fir déi aner Lëtzebuerger Athleten unzefeieren, seet Rebekka Klerf.

Sech op héijem Niveau moossen

Bei de Spiller vun de klenge Länner géife Sportler, déi soss net sou am Fokus stinn, d’Méiglechkeet kréien, sech mat aneren Athleten op engem héijen Niveau an och international ze moossen. Dat wier zum Beispill bei de Kollektiv-Sportarten de Fall, mengt den COSL-President, André Hoffmann.

D'Erwaardung, mat deenen d'Sportler op San Marino gefuer sinn, ware ganz verschidden. Natierlech wéilt een Erfahrunge sammelen an och aner Sportler kenne léieren. D'Zil wier et awer och, gutt sportlech Leeschtungen ze realiséieren. De Bob Bertemes huet sech awer schwéier gedoen eng Aschätzung virum Turnéier ofzeginn. "Wann ee bis eng Startlëscht gesinn huet, kann een do vläicht méi präzis eppes soen."

D'Häre-Volleyballs-Equipe ass sech hirersäits sécher, datt ee bei de Spiller vun de klenge Länner zu San Marino den Titel wéilt verdeedegen.