Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - Plakeg Feat. Momma Merlin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sécherheet fir déi Jonk

Fräie Mikro

Sécherheet fir déi Jonk

Omikron huet fir eis Kanner ganz nei Belaaschtunge bruecht. Als Pandemiedreiwer gi si enk iwwerwaacht, hiren Alldag ass onberechenbar ginn. Fir weidere Schued ze verhënnere mussen si erëm Sécherheet kréien. An dofir mussen all Erwuessener an d'Flicht geholl ginn, mengt d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

auto_stories

4 min

D'Judith Reicherzer ass fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch. Foto: Archiv

Een Dag um Bauerenhaff, eng Visitt am Musée, e Projet am Bësch. Iwwer déi lescht Méint hu sech eis Kanner op déi kleng Eventer gefreet. Elo ziddere se bis déi lescht Minutt.

Hoffentlech ass an der Klass kee weidere Covid-Fall, hoffentlech gëtt d'Joffer net a Quarantän, hoffentlech ginn ech selwer net positiv. Schonn déi kleng Butze freeë sech léiwer net ze vill op en Event. Et kéint jo rëm ofgesot ginn.

Mam Omikron huet déi psychologesch Belaaschtung vun eis Kanner a Jonker eng nei Qualitéit kritt. Hiren Alldag ass ganz onberechenbar ginn. An dat ass schlëmm.

Fir Sécherheet kann aktuell net garantéiert ginn

Sécherheet a Zouverlässegkeet, Vertrauen a reegelméisseg Gewunnechte si wichteg fir eng gesond Entwécklung. A grad Schoule solle Plaze sinn, wou sech d'Kanner ouni Angscht a Risiko kënnen entfalen a wuessen.

De Ministère versicht och dowéinst, d'Schoulen op ze halen, d'Direktioune kämpfe fir genuch Personal ze fannen, d'Enseignante sichen nach weider Terminer, fir datt all Schüler, den elo feelt, seng Klassenaarbecht kann noschreiwen.

D'Erwuessener maachen alles, fir datt déi Jonk hiert schoulescht Zil erreechen. Mee Sécherheet oder eng flott Perspektiv si fir de Moment net ze garantéieren.

Zidderpartie beim Covid-Test

Mat Omikron sinn d'Schoulen Héichrisikogebidd ginn. Dat weist sech all Moies um aacht Auer. Da maachen zigdausende Schülerinnen a Schüler hire Covid-Test. Dat Ritual ass fir si entretemps Routine, mee dat Waarden op d'Resultat bleift fir vill eng Zidderpartie.

Wien e positiven Test huet, gëtt direkt heemgeschéckt a muss sech do isoléieren. Eng Woch schoulfräi: dat ass entretemps eng Strof. En plus ass de Plang fir de Weekend gestuerwen an et blockéiert een déi ganz Famill.

Dobäi kënnt dat schlecht Gewëssen. Hat ech meng Mask ëmmer propper op. Hunn ech Ofstand gehalen? D'Kanner wëssen am Prinzip, datt si keng Schold hunn, wa si positiv ginn. An awer spieren si sech schëlleg, wann d'Eltere wéinst hinne mussen op der Schaff fräi huelen.

Och dat Vertrauen an eis Erwuessener ass ugedixt. Mir hu hinnen ëmmer rëm versprach, datt alles gutt gëtt, wann d'Bomi endlech mat Pfizer geschützt ass, dass de Vaccin eis all d'Fräiheet bréngt, datt d'Pandemie bal eriwwer ass. Ze dacks hu si mat eis gehofft a sinn enttäuscht ginn. Elo hu si d'Flemm a maachen net méi mat.

Kanner sinn extra bestrooft

De Gebuertsdagsfest ouni Frënn ass normal, déi periscolär Aktivitéite gi vill manner besicht, an de Lëtzebuerger Sportverband beklot sech, datt d'Zuel vun de Lizenzen erofgeet.

"Mir schaffen nach just, wat mer mussen", soen d'Schüler vun de grousse Klassen. Firwat sollen si e Reesprojet plangen, deen dono näischt gëtt? Firwat an d'Musek goen, fir datt dono de Concert annuléiert gëtt? A Léift? Den éischte Kuss? "Madamm, dofir hu mir elo kee Kapp", soe si a kucke just genervt.

Ech verstinn si. All Mënsch huet d'Flemm, all Mënsch ass genervt vum Covid. Mee eis Kanner sinn extra gestrooft.

Firwat kann een déi Erwuessener net méi an d'Flicht huelen, Impfen a Booste forcéieren a sech trauen, beim Omikron méi héich Infektiounszuelen ouni Opreegung ze akzeptéieren.

A vläicht kann een deemnächst jo och de Covid als eng Epidemie gesinn, mat där ee muss liewen. Mat vill Fräiheet a mat e puer Reegelen, op déi sech awer all Mënsch ka verloossen. Fir datt d'Freed an d'Motivatioun erëmkënnt - bei eise Kanner, an och bei eis.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.