Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Séieren Tram ass Konkurrenz zu CFL-Schinnereseau"

Mobilitéit

"Séieren Tram ass Konkurrenz zu CFL-Schinnereseau"

D'Eisebunnergewerkschaft Syprolux kritiséiert op hirem Nationalkongress de Bau vun enger neier Streck vun engem séieren Tram tëscht der Stad an dem Süde vum Land, parallel zum Eisebunnsreseau. Béid Projete stéingen a Konkurrenz.

auto_stories

2 min

Bei der Presentatioun vum Projet vum séieren Tram tëscht der Stad an dem Süde vum Land vum Mobilitéits- a Bauteminister François Bausch, wier der Presidentin vum Syprolux, der Mylène Bianchy, de Mond opstoe bliwwen.

Viru knapps zwee Joer hätt de François Bausch nach gesot, datt am grousse Ganze weider Tramsprojeten a wäiter Zukunft géife leien.

"Op eemol prescht hien hei mat engem komplett fäerdege Projet vun engem séieren Tram vir. Dat ass iwwerdeems een total anert Konzept, wéi dat, wat mer bis elo um Gebitt vun enger Stad Lëtzebuerg hunn. Et soll een net vergiessen, datt een Tram een urbaant Transportmëttel ass an urban heescht an enger Stad, an engem Circuit."

D'CFL ass zoustänneg fir Zuch a Schinnereseau

Een Tram wier u sech net geduecht fir op enger fräier Streck ze fueren, dat wier bis elo nach ëmmer Hoheitsgebitt vun engem klasseschen Zuch, deen hei zu Lëtzebuerg vun der géif geréiert ginn, erënnert d'Mylène Bianchy.

"Ech géif de François Bausch an deem Kontext och drun erënneren, datt bis elo vu Säite vun der Politik ëmmer gesot ginn ass, datt deen eenzege schinnegebonnene Bedreiwer vun der klassescher Zuchlinn zu Lëtzebuerg d'CFL ass. A wa mer vun der Wierbelsail vun enger effizienter Mobilitéitspolitik diskutéieren, dann erfëllt d'CFL zu 100 Prozent déi Roll. Do ginn eis déi steigend Passagéierzuele méi ewéi Recht. An ënner anerem och alleguerten déi Leichtbaustreckeprojeten an Infrastrukturprojeten, déi d'CFL zu 100 Prozent gutt ëmsetzt."

Aus deem Grond géif d'Gewerkschaft d'Virgoe vum Minister François Bausch mat der Annonce vun enger neier Tramsstreck net verstoen.

Parallel Tramsstreck an de Süden ass Konkurrenz zur Schinn

Fir de Syprolux ass den Tram een Zouliwwerungsverkéiersmëttel, deen op gewësse Knotepunkten ewéi zum Beispill op der Hollerecher Gare, den Tram mat enger klassescher Zuchschinn kéint kombinéieren.

"Ech gesinn elo net, wéi deen neie System soll funktionéieren, dee jo da parallel, an dat ass dat, wat eis am meeschte stéiert, zur Schinn gebaut gëtt. Woubäi d'CFL am gaangen ass un enger neier Zuchlinn ze bauen. Hei géife mer dann een zweeten Transportmëttel parallel zu engem bestoenden Netz an enger Erweiderung vun engem bestoende klassesche Schinnenetz do opbauen, sou datt mir dat net méi als komplementar gesinn, mee als Konkurrenz."