Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sektoriell Pläng kommen net méi an dëser Legislatur

Landesplanung

Sektoriell Pläng kommen net méi an dëser Legislatur

D'Landesplanungsgesetz wäert nach virun Ouschteren duerch d'Chamber goen. Dovu ginn d'Deputéiert vun der zoustänneger Chamberkommissioun aus. D'Chamberkommissioun huet de Moien de Kritiken am zweeten Avis vum Staatsrot Rechnung gedroen. Dësen hat eng formell Oppositioun iwwer d'Aktivitéitszone formuléiert.

auto_stories

2 min

Henri Kox

"Domat ass de Wee fräi fir den entspriechende Rapport zum Gesetzprojet a kuerz drop de Vote an der Chamber", seet den LSAP-Deputéierte Georges Engel op Nofro hin. D'Landesplanungsgesetz ass déi rechtlech Basis, fir datt déi véier sektoriell Pläng (Logement, Aktivitéitszonen, Transport a Landschaften) an d'Prozedur kënne goen.

"Bis d'Pläng rechtskräfteg sinn, wäert et awer nach daueren", seet de gréngen Deputéierten Henri Kox. "Nodeems déi sektoriell Pläng am Regierungsrot ugeholl goufe, gi se an d'Prozedur. Dat heescht d'Consultation publique, déi dräi bis véier Méint dauere wäert." No enger weiderer Consultatioun géifen d'Pläng nach emol nei iwwerschafft ginn, ier se vum Regierungsrot definitiv arrêtéiert ginn.

"Wuel net méi an dëser Legislaturperiod"

Dem Henri Kox no wäert de Regierungsrot dat awer wuel net méi an dëser Legislaturperiod maachen. Dës Aufgab géif wuel op déi nächst Regierung zeréckfalen.

"Wonschdenke wier, datt dat nach ënnert dëser Regierung kéint de Fall sinn. Wann et zäitlech iwwert déi ganz Prozeduren erausgeet, wäert wuel éischter den nächste Regierungsrot dës sektoriell Pläng guttheeschen. Dat geplangte Gesetz hätt parteiiwwergräifend e breede Konsens genoss." Dofir ass den Henri Kox optimistesch, datt déi nächst Regierung - egal wéi déi sech zesummesetze wäert - d'sektoriell Pläng an dës Richtung wäert weiderdreiwen. "Well eng ganz breet Consultatioun gemaacht gouf. D'Avise vum Public an de Gemenge goufen och consideréiert."

Nom Landesplanungsgesetz an de véier sektorielle Pläng feelt nach den neie Programme directeur d'aménagement du territoire, deen d'Grondprinzipie vun der Landesplanung festhale soll an iwwert deem Ganze steet. Dat Instrument gëtt och net méi dës Legislatur fäerdeg, mä ass fir déi nächst Regierung.

Lauschterenplay_arrow