Aviatioun Sektoriell Tripartite d'nächst Woch

Den nächsten Dënschden ass eng sektoriell Tripartite fir den Aviatiounssecteur, huet den Aarbechtsminister Dan Kersch annoncéiert. D'Cargolux, Luxairport an d'Luxair sinn als Betriber dobäi.

Michèle Sinner / cbi

Fliger
Symbolbild. Foto: Bigstock / djumandji

D'Luxair hätt am Comité de conjoncture eng Demande gemaach, well se net dermat eens ginn, fir maximal 25 Prozent vum Personal Chômage partiel ze ginn, esou den Dan Kersch. D'Regierung wier der Meenung, datt d'Luxair "souwisou" zur Tourismusbranche géif gehéieren an doduerch iwwer déi 25 Prozent kéint erausgoen.

Dës Propos wier vun de Gewerkschaften awer net ugeholl ginn, seet den Aarbechtsminister. D'Luxair hätt sech dunn engagéiert fir keng Licenciementer virzehuelen an de Plan de maintien dans l'emploi matzeliwweren, bis déi sektoriell Tripartite wier, "an déi soll nach virun der Vakanz sinn", esou den Dan Kersch.

Enn Mee hat de fir de Secteur zoustännege Minister François Bausch de Gewerkschaften des Tripartite fir spéitstens den Hierscht versprach. Elo soll se den nächsten Dënschdeg sinn.

Méi zum Thema

Tripartite
Tripartite

Bei der nationaler Tripartite goufen eng Rei Pisten als "direkt Äntwert" op de Chômage zeréckbehalen. Dat sot de Premier Xavier Bettel no Gespréicher vu ronn fënnef Stonne mat Gewerkschaften a Patronat.

Xavier Bettel
Sozialdialog

"Ech sinn der Meenung, datt eng Tripartite schonn néideg wier", esou de Xavier Bettel haut no senge Gespréicher mat de Sozialpartner am Schlass zu Senneng. Et wier wichteg fir d'Land ze stäerken an de Chômage niddreg ze halen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen