Déi evangelesch Kierch feiert dëst Joer 500 Joer Reformatioun. De Martin Luther hat 1517 seng 95 Theesen un d'Schlasskierch vu Wittenberg geneelt, an domadder de Grondsteen geluecht vun enger neier Kierch. An och vu jorelaange Reliounskricher. D'Theologin Margot Kässmann huet als offiziell Ambassadrice d'Feierlechkeete fir déi däitsch evangelesch Kierch geleet.
250 Milliounen Euro goufe fir d'Jubiläumsjoer ausginn.
D'Sekulariséierung an de Maart vun der Spiritualitéit
An Däitschland géif d'Sekulariséierung ëm sech gräifen. Dat géif déi evangelesch an déi kathoulesch Kierch d'selwecht treffen, seet d'Margot Käßmann. 22 Millioune Protestante ginn et an Däitschland, 23 Millioune Katholiken.
Besonnesch an Ostdäitschland, wou d'Chrëschten et schwéier gehat hätte fir bei hirer Relioun ze bleiwen, wier d'Situatioun schwiereg. Esou géif et an der Lutherstad Wittenberg just zwielef Prozent Chrëschte ginn. Zu Eisleben, wou de Martin Luther gebuer a gestuerwen ass, géifen et just siwe Prozent Chrëschte ginn, seet d'Margot Kässmann. Dat wiere schonn dramatesch Zuelen.
"Spiritualitéit ass e Maart ginn", seet d'Margot Käßmann. Mënsche géinge Chi-Gong Coursen a Yoga maachen. Si géife sech déi Spiritualitéit huelen, déi zu hirem Liewensstil géif passen. Eng Glawensgemeinschaft, déi sech op d'Bibel bezitt an als Gemeinschaft Mass feiert, hätt et an deem Kontext schwéier. "D'Kierch wäert sech veränneren, mä wäert Kierch bleiwen. Och an der Zukunft."
D'Kierchen an der globaliséierter Welt
Wéi musse sech Kierchen an Zukunft opstellen, fir nach eng Roll an der Gesellschaft ze spillen? Andeems si sech mat aktuellen Theme beschäftegen, wéi der Globaliséierung, seet d'Theologin. Esou wier zum Beispill de Reformatiounsjubiläum net nationalistesch gefeiert ginn, mä ganz international mat Kierchen aus der ganzer Welt. Dat wier eng Äntwert an enger Zäit, wou Nationalismus aus der "Mottenkiste der Geschichte" erausgeholl géif ginn.
"Et ass wichteg, datt d'Kierch seet: Mir sinn iwwert déi national Grenzen ewech eng Gemeinschaft, déi an dëser globaliséierter Welt och d'Fro no de Wäerter stellt. Et gëtt net just Weltwirtschaft a Weltpolitik, mä och Weltethik".
Kritesch Ausernanersetzung mam Martin Luther
De 500. Reformatiounsanniversaire wier genotzt ginn, fir de Personnage Martin Luther kritesch ze hannerfroen. "Endlech hu mir säin Antijudaismus oppen diskutéiert." Déi evangelesch Kierch an Däitschland hätt sech vum Luther senge "Judenschrëften" distanzéiert. Dat wier och Zäit ginn, seet d'Margot Käßmann. Mä och dem Luther seng gewaltvoll Sprooch géing mëttlerweil kritesch gekuckt ginn. Esou wéi seng Roll an den Hexeverfolgungen.
D'Margot Käßmann war Landesbëschofin vun Hannover a vu 2009-2010 Virsëtzend vun der Evangelescher Kierch an Däitschland.