Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selenskyj fuerdert EU- an Nato-Erweiderung

Sommet Moldawien

Selenskyj fuerdert EU- an Nato-Erweiderung

A Moldawien ass um Donneschdegowend de Sommet vun der "Europäescher Politescher Communautéit" op en Enn gaangen. Am Zentrum vun de Gespréicher tëscht de bal 50 Staats- a Regierungscheffen aus verschiddenen europäesche Länner stoung de russesche Krich an der Ukrain. De Wolodymyr Selenskyj huet virdru gewarnt, de Leit an der Ukrain oder awer och a Moldawien keng falsch Hoffnungen en vue vun enger EU-Memberschaft oder engem Nato-Bäitrëtt ze maachen.

auto_stories

2 min

Foto: European Union

Lauschterenplay_arrow


Um Enn si just zwee Länner vun de 47, déi invitéiert goufen net komm - dorënner de grad frësch erëmgewielten tierkesche President Erdogan. Dat dono awer 45 europäesch Staats- a Regierungscheffen sech a Moldawien mam Krich virun der Dier deplacéiert hunn, sollt als klore Message an Direktioun Moskau verstane ginn.

D'EU an och d'NATO-Membere missten awer och selwer handelen, fuerdert den ukrainesche President. "Mir brauchen elo Decisiounen", sou de Wolodymyr Selenskyj.

Fir ze evitéieren, datt et zu groussen Enttäuschunge kënnt, missten elo d'NATO an d'EU séier erweidert ginn. Mir brauchen elo Fridden, dofir sollt all europäescht Land wat u Russland grenzt a net wëll, datt Russland et auserneerappt, ee volle Member vun der EU an der Nato sinn.

Keng Decisioune geholl

Déi eenzeg Alternativen dozou wieren een oppene Krich mat Russland oder eng grausam russesch Besatzung. De Premier Xavier Bettel huet den Äifer awer hei kloer gebremst.

"Ech bleiwen do streng, mir hu Reegelen an déi Reegele sinn ze respektéieren. Mir kënnen elo net soen, déi Länner kréien elo een neien TGV a Prozedure wou d'Reegelen net musse respektéiert ginn. Mir hu Länner déi waarde schonn 10-15 Joer an da géif een deene soen, Pech Domm gaangen."

Decisioune goufen op dësem Sommet keng geholl. Um Bords koum et zu enger ganzer Partie vu bilaterale Gespréicher - ënnert anerem gouf versicht, am Konflikt tëscht Serbien a Kosovo ze vermëttelen. Et wier net einfach, béid Säiten un een Dësch ze kréien, sou de Xavier Bettel - dee sech dofir agesat huet. Ob eppes a wat genee en vue vun enger Léisung vun deem Konflikt erauskomm - war bis elo net kloer.