Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - Marble Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Seniore leiden ënner Isolatioun"

Amiperas

"Seniore leiden ënner Isolatioun"

"Et ass egal, ob déi al Leit direkt u Covid-19 stierwen oder e puer Méint drop". Esou onmënschlech Aussoen hätten en negativen Impakt op d'Senioren, warnt d'Amiperas. D'Stëmm vun de Senioren appelléiert alleguer d'Altersgruppen un eng solidaresch Gesellschaft. Zanter knapp engem Joer géifen déi al Leit ënner der sozialer Isolatioun leiden.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Esou negativ Aussoe géifen de Senioren nach méi d'Gefill ginn, datt sinn iwwerflësseg wieren, erkläert d'Generalsekretärin Edmée Anen.

"Mir wëssen, datt al Leit vulnerabel sinn. Mir maachen der Regierung och kee Reproche, mee mir hätte gären, datt d'Leit och mol méi positiv iwwer den Alter schwätzen. Well al heescht jo net direkt vulnerabel, mee trotzdeem fale se alleguer drënner."

D'Amiperas fuerdert eng solidaresch Gesellschaft an där al a jonk gläichwäerteg sinn.

En Impakt op d'Gesondheet

Donieft géifen d'Seniorinnen an d'Senioren zanter knapp engem Joer ënner enger grousser Isolatioun leiden. Dat hätt en negativen Impakt souwuel op déi kierperlech, wéi och op déi psychesch Gesondheet.

"D'Leit géife gären eraus goen, Kommissioune maache goen. Mir hunn de Leit zwar gekacht hei an der Zentral a féieren hinnen et heem. Mee wat hu si dovun? Mir ginn hinnen et heem, mee si hu keen, mat dem si schwätze kënnen."

Och wann dacks op déi digital Kommunikatioun higewise gëtt, hätten al Leit dacks kee Computer. "An déi, déi een hunn, déi erliewen d'Isolatioun och net esou intensiv", seet d'Edmée Anen.

Eng Léisung hätt d'Organisatioun selwer net. D'Edmée Anen géif d'Sécherheetsmesuren och verstoen. D'Amiperas rifft hier ronn 15.000 Memberen op sech weiderhin un d'Sécherheetsmesuren ze halen a sech impfen ze loossen. Dat, fir sou séier wéi méiglech nees soziale Kontakt ze kréien.