Radioen

On air

Notturno  |  Tvesla - Lonesome Rider

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat wat mir ugestallt goufen, hu mir fäerdeg bruecht"

Opléisung vum Fonds de rénovation de la Vieille Ville

"Dat wat mir ugestallt goufen, hu mir fäerdeg bruecht"

De Fonds de rénovation de la Vieille Ville gëtt op den 1. Januar 2018 opgeléist. En huet d'Missioun, déi en 1993 per Gesetz iwwerdroe krut, erfëllt. De Fong hat d'Aufgab, d'Alstad - also de Quartier ronderëm de Fëschmaart - ze revaloriséieren an nees mat Liewen ze fëllen. Mat der Renovatioun vum ale Geriichtsgebai, an deem jo elo den Ausseministère ënnerbruecht ass, gouf déi Aufgab ofgeschloss.

auto_stories

2 min

"Dat wat mir ugestallt goufen, hu mir fäerdeg bruecht", seet de Serge Hoffmann, de President vum Comité directeur vum Alstad-Fong: D'Bausubstanz, déi deels an engem ganz schlechten Zoustand war, gouf sanéiert; mat Wunnengen a Geschäfter ass de Quartier, an deem virdru bal just nach Büroe waren, ass nees belieft ginn; an de Fong huet och all déi historesch an archeologesch Spuren, op déi ee bei den Aarbechte gestouss ass, dokumentéiert.

Wann de Fong opgeléist ass, gëtt de Staat nees Proprietaire vun all deene Gebaier, déi e selwer benotzt - wéi de Staatsrot, de Musée oder den Ausseministère. D'Wunnengen, déi vum Fong amenagéiert goufen, sinn am Kader vu Steeën u Privatleit verkaaft ginn - fir Präisser, déi zulescht bei 5.000 € de Meter Carré louchen: "Wann een al Gebaier ëmbaut, an et wëllt een dat am Respekt vun hirer Geschicht maachen, da gëtt dat ebe méi deier", seet de Serge Hoffmann. Den Alstad-Fong hätt jo och net den Optrag gehat, Sozialwunnengen ze bauen.

D'Stëmm vun de Gemengen am Fonds du Logement

Anescht wéi de Fonds du Logement. Do ass de Serge Hoffmann zënter Juni Member vum Verwaltungsrot. Hie vertrëtt de Gemengesyndikat SYVICOL, deen zënter der Reform vum Fong am Fréijoer ee Sëtz an deem Gremium zu gutt huet. Dovu kéinte béid Säiten nëmme profitéieren, mengt de Serge Hoffmann:

De Fong, well keen d'Prozeduren fir e PAP besser géif kennen, wéi d'Gemengen;
D'Gemengen, well si méi liicht un d'Informatioun kéimen, wat de Fonds du Logement konkret fir si maache kann.

De Serge Hoffmann gëtt zou, datt an där Gemeng, déi hien zënter 2000 féiert - nämlech Habscht - nach keng Sozialwunnenge gebaut goufen. "Mir hunn awer e Projet an eisem Wahlprogramm virgesi gehat", seet den CSV-Buergermeeschter, deen elo hofft, de Projet mat senger komfortabeler Majoritéit esou ëmsetzen ze kënne "wéi mir eis dat virgestallt hunn".

Den Defi vun der Fusioun Habscht-Simmer

Den 1. Januar 2018 fusionéiert Habscht (3.600 Awunner) mat Simmer (800 Awunner). A béide Gemengen hate sech a getrennte Referendumen ronn 40 Prozent géint déi Fusioun ausgeschwat. Hie géif awer mengen, datt et fir béid Partner nëmme Virdeeler géif bréngen, an datt herno och jidderee géing soen: "Dat do war awer eng gutt Saach!"