No Gewalt zu Schraasseg Serge Legil: Klima am Prisong ass "relativ rau"

Am Prisong wier am Moment eng "ganz ugespaanten Atmosphär", seet de Serge Legil, Direkter vun der Prisongsverwaltung. De Prisong wier mat 640 Leit staark iwwerbeluecht an d'Temperature wiere relativ héich.

Serge Kesseler / cbi

Prisong
Foto: Archiv

Lauschteren


Kuerz no siwen Auer e Mëttwoch den Owend ass zu Schraasseg e Jonke vu 17 Joer ageliwwert ginn: de jonke Prisonéier, dee vun Dräibuer op Schraasseg koum, huet do refuséiert sech auszedoe fir - wéi d'Prozedur et virgesäit - sech op eventuell Drogen oder Waffe kontrolléieren ze loossen, esou den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil.

Mineur huet sechs Gardiene verletzt

Hien hätt refuséiert sech kontrolléieren ze loossen an hätt da sech Gardiene blesséiert. Déi sechs Leit vum Personal hu musse bei den Dokter goen an et gouf eng Plainte beim Parquet gemaach, seet de Serge Legil.

Zur Gewalt koum et an enger Prisongszell zu Schraasseg, seet de Serge Legil:

"De Mineur huet probéiert eng Plastiksforschette ze briechen, fir domat op d'Gardiene lass ze goen. A vu Säite vun de Gardienen ass - vue datt et sech ëm e Mineur handelt - guer keng Waff zum Asaz komm, ausser Handschelle fir e roueg ze stellen."

D'Personalvertriedung AAP hat dësen Tëschefall de leschten Donneschdeg public gemaach an hat dobäi och geschriwwen, datt de presuméierten Täter och Morddreeunge géint d'Personal gemaach hätt.

De Mineur wier "extrem agitéiert" gewiescht, seet de Serge Legil:

"[Hie war] [o]nwarscheinlech aggressiv a frech. Do kann all Méigleches gesot gi sinn. Ech kann Iech et elo net bestätegen, datt wierklech Mord-Menacë dobäi waren."

"Eng ugespaanten Atmosphär"

Den Direkter vun der Prisongsverwaltung bestätegt awer, datt déi virlescht Woch, op Nationalfeierdag, een anere Mannerjäregen nuets an enger Véiermannzell zu Schraasseg mat enger Gillette als Waff dräi aner Prisonéier seriö blesséiert hat.

D'Klima am Prisong wier "relativ rau", seet de Serge Legil. Dat géif dorunner leien, datt de Prisong mat 640 Prisonéier "ganz staark" iwwerbeluecht wier.

"Eenzelzelle sinn duebel, voir dräifach voll, Duebelzellen dräifach, voir véierfach besat. Et ass alles voll. Dat dréit zu enger gewësser Nervositéit bäi an dat beschwiert ëmmer d'Gewalt erop."

Zousätzlech wieren d'Temperaturen am Prisong "relativ héich" den Ament. "Dat ass am Summer ëmmer e klenge Problem. Dat heescht, et ass effektiv eng ganz ugespaanten Atmosphär am Moment"; esou den Direkter vun der Prisongsverwaltung.

Méi zum Thema

Serge Legil
Prisong

De Coronavirus zirkuléiert weider am Prisong zu Schraasseg. Déi verschäerfte sanitär Mesurë solle wuel bis an d'neit Joer verlängert ginn - an dat suergt fir Tensiounen, esou den Direkter vun der Prisongsverwaltung.

D'UNISEC zu Dräibur
Gesellschaft

​Well d'Bevëlkerung wiisst braucht Lëtzebuerg och méi Plaz fir Jonker opzefänken, déi soss an de Prisong op Schraasseg géife kommen. Dat seet de Procureur général adjoint David Lentz.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen