Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Madonna - Into the Groove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Service de médiation scolaire kritiséiert Schoulverweiser

Educatioun

Service de médiation scolaire kritiséiert Schoulverweiser

130 mol gouf de Service de médiation scolaire am Schouljoer 2019-2020 saiséiert. Den Zousproch wier héich, sou de Médiateur scolaire Lis de Pina am Joresrapport. Mam décrochage scolaire a virun allem mam Renvoi, also dem Schoulverweis, ginn awer och eng Rei méi kritesch Punkten ënnert d'Lupp geholl.

auto_stories

2 min

Eng vun den Ursaache vum Decrochage ass dem Service de médiation no de Schoulverweis, ee Verweis deen a verschiddene Fäll wuel ubruecht wier, allerdéngs ginn et Kritikpunkten. De Renvoi kann per Gesetz vun engem Conseil de discipline vun der betraffener Schoul ausgesprach ginn, an zweeter Instanz kann een da bei der d'Kommissioun de Recours vum Educatiounsministère an Appell goen. Wéi et am Rapport heescht, wier de Renvoi ëmmer dat lescht an häertste Mëttel, nieft enger ganzer Panoplie vun anere pedagogesche Mesuren.

De Prinzip vun der ponderéierte Sanktioun gëtt dacks net applizéiert

Leider géif de Prinzip vun der ponderéierter Sanktioun allerdéngs dacks net applizéiert ginn, heescht am Rapport. Verschidde conseils de discipline géifen direkt op de Verweis zréckgräifen ouni fir d'éischt ze kucken, op aner Sanktioune méi Sënn géife maachen. Verschidden Direktioune géife souguer ausdrécklech erklären, datt een en Exempel misst statuéieren an de Message un déi aner Schüler misst kloer sinn. Dobäi gëif dacks just op déi zwee Standard-Crittère Gravitéit vun de Faiten an Alter vum Schüler zréckgegraff ginn, fir d'Prozedur kënnen anzeleeden, ouni dat awer de präzisen Eenzelfall gekuckt gëtt.

"Erstaunlech Personalkonstellatiounen"

Kritiséiert gëtt dann och, datt déi zweet Rekoursinstanz de Fall eigentlech ganz neutral an nei sollt consideréieren. Déi géif et awer dacks derbäi beloossen d'Decisioun vum conseil de discipline gutt ze heeschen oder ze verwerfen. Den Ëmstand, datt e Schüler dee vun der Schoul verwise gëtt, sech nëmmen ënner Oplage kann an eng nei Schoul aschreiwe gesäit de Service de médiation als onnéideg duebel Bestrofung.

De Service de médiation wonnert sech dann och nach iwwer verschidde Personalkonstellatiounen am Kader vun der procédure administrative non contentieuse. Iwwer dee Wee kann ee jo e Recours gracieux bei enger adminitratioun ufroen. Erstaunlech wier hei dat déi selwecht Beamten déi an der Commission de Recours sëtzen de Minister bei engem Recours gracieux beroden. Hei wier eng kloer Trennung néideg.