Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Centro Di Gravità Permanente - Remastered 2021

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Service-Wüst an der Fiels

Gemengewalen 2023

Service-Wüst an der Fiels

D'Liewen um Duerf huet sech verännert, dat ass och bei dëse Gemengewalen en Theema. Zu Fouss d'Kommissioune maachen, am Bistro en Aperitif drénken an duerno op der Bank passéieren, dat ass esou net méi iwwerall méiglech: A villen Dierfer ginn ëmmer manner Déngschtleeschtungen ugebueden. Esou och an der Fiels, wou an Tëschenzäit d'Bankfilialen an de Policebüro hir Dieren zougemaach hunn. D'Ana Angel war op der Plaz.

auto_stories

5 min

Lauschterenplay_arrow


"Spuerkeess" steet um Busarrêt geschriwwen. An och nach um Gebai op der Duerfplaz "op der Bleech". Mee et ass awer keng Spuerkeess méi do.

"Eng grouss Enttäuschung"

Dräi Joer ass et hier, datt déi staatlech Bank op eelef Plazen am Land hier Agencen zougemaach huet. Zum Ierger vun den Awunner an de jeeweilege Buergermeeschter.

Aacht Buergermeeschter a Buergermeeschterinnen hunn deemools e Bréif un d'Spuerkeess an déi zoustänneg Ministère geschéckt, fir d'Fermeture ze verhënneren - ëmsoss, gëtt d'Natalie Silva zou, Buergermeeschtesch vun de Majorzgemeng Fiels, a Mataarbechterin am CSV-Generalsekretariat an der Stad.

"Mir souze jo och zu puer Buergermeeschteren do ronderëm den Dësch, wou mir probéiert hunn ze argumentéieren, firwat et ebe wichteg ass, datt grad eng Spuerkeess, wou mir awer wëssen, datt de Staat och mat Aktionär dran ass, datt déi zoumécht . Jo, dat war eng grouss Enttäuschung."

Ee Busarrêt mam Numm "Spuerkeess" - just eng Spuerkeess fënnt een hei net.

Alternativ op véier Rieder

Déi Responsabel vun der Gemeng kruten d'Fermeture also net verhënnert. Mee d'Spuerkeess offréiert den Awunner aus der Fiels eng Alternativ. Eemol d'Woch - Méindes tëscht hallwer 11 an 12 - kënnt d'Agence mobile vun der Spuerkeess. Dëst ass ee klenge Bus, an deem de selwechte Service ugebuede gëtt, wéi an de klassesche Bankfilialen.

Déi, déi dovu profitéieren, bedaueren, datt si net méi déi selwecht Offer hu wéi virdrun, mee sinn awer frou, datt iwwerhaapt nach méindes ee Bus kënnt.

"Ech si vu Chrëschtnech. Jonglënster huet moies nëmmen op, mëttes näischt. An da sinn ech alt frou, datt se Méindes hei steet, an net ze weit."

Sou eng Passantin, dee mir an der Fiels begéint hunn. Eng Meenung, déi och vun anere Leit gedeelt gëtt:

"Ech si ganz frou, datt ech méindes nach kann hei hinner kommen. Ech soen ëmmer: wat gëtt dat wa si eng Kéier net méi kommen? Kann een se dann iwwerweisen oder wei?"

Fermeture vun der Spuerkeess keen Eenzelfall

D'Gebai, an dem d'Spuerkeess zanter 1862 war, steet elo eidel. Genau wéi sou munch aner Gebai ronderëm och. Schonn 2019 huet de Policebüro an der Fiels zougemaach. Do gouf d'Schëld zwar erofgeholl, mee d'Gebai steet awer nach ëmmer eidel. Och do hunn déi Responsabel vun der Gemeng éischter (passiv) missten nokucken.

"D'Gebailechkeeten, déi eidel stinn, gehéiere Privatleit. Och ronderëm d'Bleech, do ware Geschäfter an der Zäit, déi sinn zougaangen. D'Leit wunnen awer nach ëmmer do, déi wunnen uewendriwwer. An déi denken net drun, elo mol net, ze verkafen, an och net ze verlounen."

D'Natalie Silva ass Buergermeeschtech vun der Gemeng Fiels.

No der Spuerkeess huet mat der BGL eng weider Bank hir Dieren an der Fiels zougemaach. Keng Bank méi am Duerf. Dat spiere wuel och déi lokal Veräiner.

Wa se soss owes hir Keess konnten an der Feels - wéi déi al Fielser soen - ofginn, musse se elo op Miersch oder op Dikrech. Do sinn déi nooste Banken. Dat selwecht gëllt fir d'Awunner vun den Nopeschdierfer. Dat erkläert de George Ginter, dee selwer bis 2011 an der Gemengepolitik aktiv war.

"Wann se op d'Bank ginn, da gi se och an d'Geschäft. An der Woch, also an der Saison, hu mir masseg Leit hei. Et brauch nëmme schéint Wieder ze sinn, da sinn d'Terrasse voll. Mee an der Woch an de Wanter duerch mierkt ee schonn, datt all déi Saachen, wéi d'Banken an dat alles, net méi hei ass."

Gemeng Fiels: ee Beispill vu villen

Hien ass awer iwwerzeegt, datt et net just der Gemeng Fiels esou geet

"Mee och zu Diddeleng oder Esch. Gitt op Esch kucken, dat ass dat beschte Beispill."

Wat kann eng Gemeng wéi d'Fiels dann um Enn géint den Ofbau vun Déngschtleeschtungen am Duerfkär ënnerhuelen? Dat hu mir d'Natalie Silva gefrot. Déi aktuell Buergermeeschtesch erkläert, datt si iwwer de PAG kéinten den Duerfkär erhalen.

"Alles, wou Surface commerciale ass, bléift och Surface commerciale. Et soll kee Wunnraum draus gemaach ginn."

D'Fiels ass just ee Beispill dofir, datt ëmmer manner ëffentlech Servicer an den Dierfer ugebuede ginn. An der Fiels, wou ee souwisou scho mam Verkéier geplot ass, mussen dann elo d'Leit aus dem Duerfkär och op den Auto zréckgräifen.

Déi al Filial vun der Spuerkeess ass net dat eenzegt Gebai wat eidel steet.