Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SES: "Mir maache keng Politik a China"

Wirtschaft

SES: "Mir maache keng Politik a China"

De Satellittebedreiwer vu Betzder wëllt geschwënn Internet-Connectioune fir Fligeren a China ubidden. Als Privatentreprise kéint d'SES net dofir responsabel gemaach ginn, datt déi chinesesch Regierung den Internet staark iwwerwaacht, esou de Senior Vice President Philippe Glaesener.

auto_stories

2 min

D'SES wëllt bannent den nächsten 12 Méint an de chinesesche Marché eraklammen: An enger éischter Phas sollen Internet-Connectioune fir Fligeren a China ugebuede ginn, spéider soll d'China-Geschäft da weider ausgebaut ginn, esou de Philippe Glaesener.

Politesch Kontakter maachen Dieren op

De Senior Vice President war rezent bei der offizieller Visite vum Premier Xavier Bettel a China dobäi. Hien ënnersträicht, esou politesch Kontakter wäre ganz wichteg, "well a China alles esou gemaach gëtt, wéi d'Regierung et wëll."

Dës staark politesch Kontroll war ee vun de Grënn, firwat d'SES 2007 hir Bedeelegung un AsiaSat nees verkaf huet. Der SES huet deemools ronn een Drëttel vum asiatesche Satellittebedreiwer mat Sëtz zu Hongkong gehéiert - de Recht war a chinesescher Hand. "Et war schwéier mat der chinesescher Säit ze verhandelen. Wa mir eppes wollte maachen, da war et heiansdo schwéier dat duerchzedrécken," seet den Philippe Glaesener am Réckbléck.

Eng Nisch, déi séier wiisst

Trotzdeem ass hien optimistesch, datt et der SES dës Kéier geléngt um chinesesche Marché Fouss ze faassen. D'Internet-Connectioune fir Fligere wären ne "Nischemarché", dee séier wiisst: "D'SES huet haut 2500 Fligeren an déi mir reegelméisseg Internet liwweren. De chinesesche Marché eleng wäert an den nächste fënnef Joer eng Explosioun gesinn vun ongeféier 7000 zousätzleche Fligeren." Dat wären "enorm Datevolumen", fir déi d'Chinesen net genuch eege Capacitéiten hätten.

Wann d'SES et fäerdeg bréngt, sech an dëser "Nisch" z'etabléieren, kéint een an enger "zweeter oder drëtter Phas" och drun denken, "Internet um Buedem" a China unzebidden, esou de Philippe Glaesener. Bis dat méiglech gëtt, misst een awer nach "vill Hürden iwwerbrécken", China wär nämlech "méi restriktiv" mam Internet wéi Europa.

Politik muss een anere maachen

Zu dëse Restriktioune gehéiert, datt déi chinesesch Regierung Internetsäite wéi Google a Facebook blockéiert. De Philippe Glaesener ënnersträicht awer, d'SES kéint als Privatentreprise net fir esou politesch Desicioune responsabel gemaach ginn: "Mir hunn e Business ze verteidegen. (...) Mir agéieren natierlech am legalen Kader, mä mir sinn net déi, déi Politik maachen. Déi muss een anere maachen."