Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SEW an SNE: Alphabetiséierung op Franséisch kéint zu Problemer féieren

Educatioun

SEW an SNE: Alphabetiséierung op Franséisch kéint zu Problemer féieren

Den Ausbau vun der Alphabetiséierung op franséisch passt net an ee koherent Sproochekonzept. Esou reagéiert d'Enseignantsgewerkschaft SEW op d'Annonce vum Claude Meisch. Den SNE ass net kategoresch géint de Projet vum Educatiounsminister.

auto_stories

2 min

Foto: Unsplash / Taylor Wilcox

Lauschterenplay_arrow

Der Joëlle Damé no kéint een d'Bildungsgerechtegkeet net eleng duerch eng Alphabetiséierung op franséisch verbesseren. De Problem géif éischter bei der Gewiichtung vun de Sprooche leien esou d'Presidentin vum SEW. Vill méi misst de ganze Sproochenunterrecht iwwerduecht ginn.

E Manktem u politeschem Courage

E weider Problem géif den SEW dora gesinn datt gesot gëtt datt Kanner herno am Cycle 4 quasi op dem selwechte Sproochenniveau wieren am däitschen an am franséischen. Déi géifen dann zesumme gefouert ginn, erkläert d'Joëlle Damé.

"Mee dat war grad dat wat an de leschte Jore Problemer bereet huet. Well mir eben net all Kanner op sou en héijen Niveau an deenen zwou Sprooche kréien. An dee Problem si mir jo elo nach guer net ugaangen."

Den SEW reprochéiert dem Minister Claude Meisch e Manktem u politeschem Courage fir d'Sproocheproblematik an de Schoulen unzegoen.

Nach ze fréi

Dee ganze Sproochenunterrecht misst iwwerduecht ginn. Där Meenung ass och d'Gewerkschaft SNE. Allerdéngs ass den SNE net kategoresch géint de Projet vum Minister, dee fir de Patrick Remakel eng Pist fir méi Bildungsgerechtegkeet kéint sinn.

Ma et wier ze fréi fir elo schonn doriwwer nozedenken d'Alphabetisatioun op Franséisch am ganze Land anzeféieren. Als éischt missten d'Konsequenzen analyséiert ginn esou den SNE.

Den Ament wier nach alles iwwerschaubar. Ma wann d'Konzept 2027 op dat ganzt Land soll ausgebreet gi kéint et Problemer ginn mengt de Patrick Remakel.