Radioen

On air

Resonanzen  |  Ermanno Wolf-Ferrari - Prelude, aus der Oper "Il campiello" - Oviedo Filarmonía, Friedrich Haider (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SEW: "Meisch huet sech clever ugeluecht mat der Lycéesreform"

Schoul

SEW: "Meisch huet sech clever ugeluecht mat der Lycéesreform"

Den Educatiounsminister Claude Meisch hätt méi eng "subtil Manéier", wei seng Virgängerin Mady Delvaux-Stehres, esou de Jules Barthel vun der Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL. Déi genee Auswierkungen vun der Lycéesreform wieren eréischt an e puer Joer ze gesinn.

auto_stories

2 min

Duerch d'Reform sollen d'Lycéeë vu September u méi Fräiheete kréie fir hir Bildungsoffer individuell ze gestalten. D'Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL fäert, datt doduerch e "Konkurrenzdenken" tëscht de verschiddenen ëffentleche Lycéeën entsteet. Dat kéint d'Direktioune vu verschiddene Lycéeën dozou verleeden, Changementer ze decidéieren, mat deenen d'Enseignanten net averstane sinn, sou de Jules Barthel.

Als Beispill nennt de Gewerkschaftler de Lycée Michel Lucius. Hei wier "vun uewen erof, vun der Direktioun decidéiert ginn," déi engleschsproocheg Klassen auszebauen. D'Filière hätt sech dowéinst "ze séier entwéckelt", an et géif elo u qualifizéiertem Personal feele fir an dëse Klasse Schoul ze halen.

"Déi néideg Ressourcen feelen dacks"

De Jules Barthel gesäit mat der Lycéesreform ähnlech Problemer op aner Schoulen duerkommen: "Et ass allgemeng e grousse Problem an der Politik vum Minister Meisch, den ganz dacks mat Iddien kennt, déi dobausse ganz gutt bei Elteren ukommen, wou awer hannendrun déi néideg Ressourcë feelen."

De Lex Folscheid vum Educatiounsministère weist d'Kritik vum SEW zréck. Hie géif net verstoen, datt den SEW fäert datt d'Direkteren "ze vill Méiglechkeete kréien". D'Reform géif nämlech virgesinn, datt d'Decisiounen an de Lycéeën op eng "basisdemokratesch" Aart a Weis geholl ginn.

De Ministère "vertraut den Acteuren um Terrain"

Eng Schoul kéint, zum Beispill, decidéieren d'Sektioun fir Naturwëssenschaften esou ofzeänneren, datt d'Biologie duerch Ingenieurwëssenschaften oder Informatik ersat gëtt. Iwwer esou Decisioune géif awer "all eenzelen Enseignant mat ofstëmmen," sou de Lex Folscheid. Andeems d'Lycéeë méi Autonomie kréien, géif de Ministère weisen, datt en "den Acteuren um Terrain vertraut".

Iwwer dat nächst Schouljoer soll all Lycée en eegenen Entwécklungsplang ausschaffen, an deem déi pedagogesch Approche definéiert gëtt. Den SEW-Gewerkschaftler Jules Barthel bezeechent dat als eng "subtil" politesch Erugehensweis: "Lues a lues ginn eng Rei Aspekter agefouert, déi een net direkt an der Klass an an der Aarbecht mat de Schüler gesäit. An eréischt wann de Puzzle vun deenen eenzele Stécker an den nächste Joren zesummegesat gëtt, wäert een d'Konsequenze vun där Reform hei erkennen."