Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Bucket of F's (feat. Ben Wendel)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sexuell Belästegung an europäeschen Institutiounen

Gewalt géint Fraen

Sexuell Belästegung an europäeschen Institutiounen

Ëmmer méi Fraen äussere sech iwwer sexuell Belästegungen an den europäeschen Institutiounen. Eng Rei Europadeputéiert fuerderen, datt d'Reegelen an den europäeschen Institutioune solle geännert ginn.

auto_stories

3 min

Dacks géife Fraen net iwwer sexuell Belästegung an den europäeschen Institutioune schwätzen, well si net genuch Beweiser hätten, oder well si géife fäerten, datt si hir Aarbecht verléieren, seet d'Jeanne Ponté. Si ass Assisstante Parlementaire vum sozialisteschen, franséischen Europadeputéierten Edouard Martin.

"95 Prozent vun de Fraen, déi eng Plainte maachen, verléieren och hir Aarbecht. Dat kann dat ee schonn drun hënneren, fir auszesoen."

Wéi déi meescht vun hire Kolleginne wollt d'Jeanne Ponté keng Plainte beim Comité vum Europäesche Parlament géint den Harcèlement maachen. Si huet all d'Fäll vu sexueller Belästegung, déi hir an hire Kolleginne widderfuer sinn, an engem Heft néiergeschriwwen. All Kéiers mam Numm vum Auteur. Dorënner sinn Deputéierter, Ambassadeuren, Conseilleren. Dës Nimm hält si verstoppt. Vill vun de Fraen, deenen hir Fäll am Heft opgelëscht sinn, hätten nämlech decidéiert fir keng Plainte ze maachen.

Beispill-Roll vun EU-Institutiounen

D'Jeanne Ponté ass net déi eenzeg, déi elo iwwer sexuell Belästegung an den europäeschen Institutiounen ausseet. D'Ausmooss ass onerhéiert fir eng Europäesch Unioun, déi sexuell Belästegung 2012 duerch eng Direktiv als Crime klasséiert huet.

D'Europäesch Institutioune missten e Beispill sinn, seet d'Generalsekretärin vun der europäescher Lobby vun de Fraen. D'Europäesch Unioun hätt d'Konventioun vun Istanbul géint d'Gewalt géint Fraen ënnerschriwwen. Et dierft deemno keng Gewalt op den eegenen Aarbechtsplaze méi ginn.

Verschidden Deputéiert hu schonn dozou opgeruff, fir e spezielle Comité géint den Harcèlement sexuel an den europäeschen Institutiounen zesummenzestellen. 2014 hat d'Parlament e Comité géint all Forme vu Belästegung geschaaft. Bis haut gouf nach keng eenzeg Plainte wéinst sexueller Belästegung agereecht.


Bäitrag vum Loreline Merelle vum 24.10.2017:

Harcèlement au parlementplay_arrow


E Mëttwoch, de 25. Oktomer war en Debat zum Thema an der Plenière zu Stroossbuerg
Eng Aschätzung vum Danièle Weber

Beim Debat gouf een net vill Neies iwwer konkret Fäll gewuer. Nimm goufe kaum genannt. Et ass ze fréi fir eppes iwwer involvéiert Deputéiert ze soen. Et gouf e puer mol betount, datt déi Gremien, déi et am Parlament ginn, net funktionéieren.

D'Deputéiert hunn iwwer eng Stonn laang diskutéiert. Vill vun hinne sinn éischter allgemeng bliwwen. "Mir musse virun eiser eegener Dir kieren", hunn der awer eng ganz Partie betount. Et goufen och Pancartë mat "Me too" an d'Luucht gehalen. Vu Leit, déi selwer betraff sinn.

Duerch d'Bänk war et e Fraen-Debat. Just eng hallef Dose Männer hu sech zu Wuert gemellt. Dat gouf vu verschiddene Riednerinne kritiséiert. Et dierft kee Männer-Debat bleiwen, sou d'Fuerderung vu ville Fraen, déi zum Deel kloer Wierder gebraucht hunn. Et géif e Macho-Problem an Europa, an och an dësem Haus, sou eng Deputéiert. A si stoung mat hirer Aschätzung net eleng do.

En Donneschdeg soll iwwer ee Resolutiounstext ofgestëmmt ginn. D'Entwërf vun de politesche Fraktiounen, déi virleien, sinn zimlech ënnerschiddlech. Et misst eng extern Enquête am Parlament vun Experte gemaach ginn, dat hu vill Riednerinne beim Debat gefuerdert. Dat spigelt sech och an de Propose fir d'Resolutioun erëm.

D'Sozialisten an déi Gréng fuerderen zum Beispill och, datt d'Komissioun, déi sech ëm déi Fäll bekëmmert, misst renforcéiert ginn. D'Chrëschtdemokrate si méi zeréckhalend. Eng Partie vun hinne wiere sech géint eng Enquête, an och géint nei Instrumenter. Eisen Informatiounen no kéint awer an där Resolutioun festgehale ginn, datt eng Onofhängeg Enquête gemaach gëtt. An datt déi intern Mechanisme musse verbessert ginn.

Danièle Weberplay_arrow