Radioen

On air

Notturno  |  Asher White - Skate Park Anthem

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Shaken-Baby-Syndrom: Opklärung a Sensibilisatioun

Bëbeeën

Shaken-Baby-Syndrom: Opklärung a Sensibilisatioun

Zanter der Pandemie ass d'Zuel vu Bëbeeën, déi um "Shaken Baby Syndrom" stierwen, bei eise franséischen Nopere staark geklommen. Dat geet aus enger rezenter Etüd ervir. Ee sougenannte "Schütteltrauma-Syndrom" ka bei Bëbeeën zu Bluddungen am Kapp féieren an am schlëmmste Fall zum Doud. Och hei zu Lëtzebuerg hätt een d'Gefill, datt d'Gewalt vis-à-vis vu Bëbeeën a Kanner an d'Luucht gaangen ass. Där Meenung ass d'Alupse, eng Organisatioun, déi sech géint Mësshandlunge vu Kanner asetzt. D'Organisatioun plädéiert fir eng méi staark Sensibilisatioun.

auto_stories

3 min

Dacks ass et e permanent Kräische vum Bëbee, deen als Haaptausléiser fir dat brutaalt Rësele vun de Kanner gëllt. Offiziell Zuele géifen et hei am Land zwar keng ginn, et kéint een awer dovun ausgoen, datt zu Lëtzebuerg an der Moyenne zwee Kanner d'Joer um sougenannte "Shaken Baby"-Syndrom leiden, erkläert d'Ana Bento.

D'Sozialpediaterin ass fir den deementspriechende Service bei der Alupse responsabel. Zwee Bëbeeën d'Joer géif no wéinege Fäll kléngen, do hannendrun géif sech awer eng grouss Zuel u Fäll verstoppen, déi net direkt als Schütteltrauma-Syndrom diagnostizéiert ginn, mengt d'Doktesch.

Ee Grond wier, datt d'Konsequenze vum Trauma sech bei ville Kanner dacks erréicht no e puer Joer bemierkbar maachen, erkläert d'Sophie Feller, Chargée vun der Direktioun:

"D'Zuel ass kleng, mee do hannendrun verstoppt sech sécherlech eng vill méi grouss Zuel. Déi Kanner wäerten an e puer Joer mat Problemer reperéiert ginn. Dorënner Problemer fir ze léieren, ze verhalen oder sech ze konzentréieren."

Verschidde Risikofacteure spille mat

Internationale Statistiken no géif et een Doudegen op véier Affer vum Shaken-Baby Syndrom ginn, 80 Prozent vun den Affer géife spéider ënner neurologesche Behënnerunge leiden.

Dat hat d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an enger Äntwert op eng parlamentaresch Ufro geschriwwen. Et géife verschidde Risikofacteure ginn, erkläert d'Ana Bento.

Deemno wiere Kanner, déi ze fréi op d'Welt kommen, Jongen oder Kanner aus multipelle Schwangerschaften engem méi grousse Schütteltrauma-Syndrom-Risk ausgesat.

Allerdéngs kéim de Syndrom a Familljen aus alle soziale Schichte fir esou d'Spezialistin:

"Et muss een op de sozialen Isolement oppassen: dat ass e Risk, deen zu Lëtzebuerg dacks besteet. Et kann zum Beispill enger jonker Koppele mat engem éischte Bëbee geschéien, déi eleng zu Lëtzebuerg wunnt ouni sozialen a familiäre Reseau. Dat ass eng Realitéit zu Lëtzebuerg."

Wärend der Pandemie hätt d'Alupse méi Ufroe vu Mamme gehat, déi preventiv ëm Hëllef gefrot hätten. D'Ana Bento zielt vun enger elengerzéiender Mamm mat zwee oder dräi Kanner, déi "total iwwerfuerdert" war an eng Panikattack krut.

D'Fra gouf hospitaliséiert, well se Angscht hat sech mat Covid-19 ugestach ze hunn. "Dat heescht, eng Situatioun, déi virdru Limitt war, riskéiert duerch d'Situatioun an der Pandemie ze explodéieren", erkläert d'Ana Bento.

Sensibiliséierung: all déi sozial Schichte cibléieren

Et géifen awer verschidde Conseile ginn, déi den Elteren a Stresssituatiounen hëllefe kéinten, esou d'Ana Bento. Deemno sollen d'Elteren, wann hiert d'Kand kräischt, als éischt kucken, ob d'Besoinen all gestëllt sinn.

Am Fall wou een et als Elteren net aushält, soll een d'Kand eleng an en Zëmmer leeën an erausgoen, respektiv aner Leit oder Professioneller ëm Hëllef froen.

D'Doktesch Ana Bento mécht drop opmierksam, datt déi meescht Kanner de Pic vum Kräischen am zweete bis drëtte Mount erreechen.

Souwuel d'Sammele vun Daten, wéi och d'Preventioun wieren immens wichteg, betounen déi zwou Frae vun der Alupse. Wichteg wier et, datt all déi sozial Schicht cibléiert ginn, seet d'Sophie Feller.

Den Ament wier ee mam Gesondheetsministère a Kontakt fir iwwer deementspriechend Campagnen ze diskutéieren.