Radioen

On air

De Moien  |  Europaparlament seet Äddi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Si Cum-Ex-Transaktioune strofbar?

Finanzkriminalitéit

Si Cum-Ex-Transaktioune strofbar?

De sougenannte Cum-Ex-Skandal ass eng vun deene gréisste finanzkriminalisteschen Affären an de vergaangene Joren. De Recherchë vun engem Journalistekonsortium no, sollen ënnerschiddlech Acteuren op d'mannst zéng europäesch Länner, dorënner och Lëtzebuerg, ëm ronn 55 Milliarden Euro bedrunn hunn. Ufanks September ass zu Bonn den éischte Strofprozess a Saachen Cum-Ex ugaangen, wou zwee Beschëllegter viru Geriicht stinn. En Donneschdeg war ee vun den Affekote vun der Defense, de Stefan Kirsch, op Invitatioun vun der Uni.lu zu Lëtzebuerg, fir e Virtrag ze halen. Dobäi huet hie versicht ze erklären, wéi Cum-Ex-Geschäfter funktionéieren, a wat déi strofrechtlech Aspekter dovun sinn.

auto_stories

4 min

Bei Cum-Ex-Transaktioune geschitt Folgendes: En Aktienhändler verkeeft virum Stéchdag, op deem d'Dividend ausbezuelt gëtt, eng Aktie, déi hien net huet. E mécht also e sougenannte "Leerverkauf". Déi Aktie gëtt verkaf mam Usproch op d'Bruttodividend. Si ass "cum" an de Verkafspräis entspriechend héich. Et dauert zwee Deeg, bis déi Transaktioun enregistréiert gëtt. An där Zäit besuergt sech dësen Aktienhändler d'Aktie, déi e virdru virtuell verkaf huet. Dës Aktie ass "ex", well d'Dividend schonn ausbezuelt, an d'Quellesteier op der Dividend ofgeféiert ass. Fir dës Quellesteier stellt d'Steieramt een Zertifikat aus, deen Usproch gëtt, fir sech d'Quellesteier zeréckbezuelen ze loossen.

Mee dem Keefer aus der éischter Transaktioun feelt dann d'Dividend, fir déi hie bezuelt huet. Dofir kritt hien eng Entschiedegung an Héicht vun der Nettodividend. An dobäi en Zertifikat fir de Remboursement vun der Quellesteier. Am Resultat gouf d'Quellesteier op der Dividend eemol bezuelt, mee si kann zweemol rembourséiert ginn. An dat, seet de Stefan Kirsch, wier sécher net am Sënn vum ursprénglechen Inventeur.

Legal oder illegal?

Net ëmmer wier esou eng Transaktioun illegal, argumentéiert den Affekot. Nämlech da wann de Keefer net wéisst, datt hien eng "Ex-Aktie" aus engem Leerverkaf kritt huet. Da misst ee jo deem säi gudde Glawen iergendwéi protegéieren, esou de Stefan Kirsch. "Und deshalb kann man steuerrechtlich gut argumentéieren, dass der Käufer diesen Erstattungsanspruch bei seiner Steuer auf jeden Fall hat."

Dowéinst geet et am Prozess zu Bonn och dorëms ze weisen, datt déi verschidden Acteure bewosst zesummegeschafft hunn. Well da géif et natierlech schwiereg ginn, esou den Affekot.

"Und dann kommen wir - zumindest steuerrechtlich - in Bereiche rein, wo man sagen kann, das ist nicht mehr zulässig. Ob das Ganze dann schon strafbar wird, ist noch einen zweite Frage."

Ob déi Bedeelegt penal kënne belaangt ginn, géif dovun ofhänken, ob hinne bewosst gewiescht wier, datt dat, wat si maachen, strofbar wier. Dat wier an der Cum-Ex-Affär net esou kloer. Well et eng ganz Rei juristesch Avise géif ginn, déi op Lacunnen am Gesetz hiweisen a soen, den duebele Remboursement vun der Quellesteier wier zoulässeg, esou de Stefan Kirsch. 2007 gouf an Däitschland d'Gesetz geännert, fir d'Lacune bei Transaktioune bannent Däitschland zouzemaachen. Transaktiounen iwwer national Grenzen eraus waren awer net vun där Ännerung betraff. "Es gibt mehrere Zeugen die bestätigen, dass das erst die ganze Industrie im Jahr 2007 so richtig angefeuert hat."

Situatioun no 2009

Et huet donieft eng Internationaliséierung vum System bewierkt an och iwwer Lëtzebuerger Filiale vun auslännesche Banken a Investmentgesellschafte goufen där Geschäfter ofgewéckelt. Dat hunn ënner anerem d'Enquêtë vun der Online-Plattform Reporter.lu erginn. Dësen Hierscht waren och Perquisitioune bei Clearstream zu Lëtzebuerg, déi Aktien-Transaktiounen enregistréiert an domat eng zentral Roll dierfte gespillt hunn. Mee, esou nach de Stefan Kirsch,

"Etwas anderes haben wir dann 2009, weil es dann einen erneuten Versuch gegeben hat, das Ganze einzudämmen. Spätestens dann wird es etwas schwiereger, weil man argumentieren kann, spätestens dann muss den Marktbeteiligten klar gewesen sein, dass dieses Loch, das nach Interpretation einiger 2007 bewusst offen gelassen wurde eben ein Betriebsunfall gewesen ist."

D'Lach goung awer 2009 net zou. Dowéinst goungen d'Geschäfter bis 2011 weider. Den Ausgang vun dësem Prozess hätt iwwerhaapt keng Signalwirkung op aner Cum-Ex-Prozesser. "Selbst wenn in diesem Verfahren eine Verurteilung rauskommt, heiβt das nicht, dass alle Cum-Ex-Geschäfte strafbar waren. Und wenn ein Freispruch herauskommt, heisst das lange nicht, dass sich alle in Sicherheit wiegen können, weil ein Gericht nun festgestellt habe für alle Zeiten, dass Cum-Ex nicht strafbar war." Als Affekot vun der Défense hofft hien op e Fräisproch, well d'Ugekloten Employéë vun enger Bank waren, där hir Steier- a juristesch Departementer explizitt Avisen erstallt hätten, no deenen d'Transaktioune legal waren.

"Wie soll dann der einzelne Händler am Händlertisch klüger sein als seine eigene Steuer- und Rechtsabteilung und sagen: 'Was wir da machen, ist strafbar'.

Hie wéisst allerdéngs, datt wéinst dem ëffentlechen Drock op dësem Prozess, et sécherlech ganz schwiereg géif ginn, d'Geriicht vun där Meenung ze iwwerzeegen. Kënnt et zu enger Verurteelung, kënnen déi fënnef Banken, déi an dësen Prozess an der zweeter Rei kënne bäigezunn ginn, virgeschriwwe kréien, Suen zeréckzebezuelen. Entweder zum Deel oder déi ganz 445 Milliounen Euro, ëm déi et an dësem Prozess geet.