Radioen

On air

De Moien  |  Anderson .Paak - Make It Better Feat. Smokey Robinson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si hunn hei intern e bësse Gedeessems"

Bettel a Rumänien

"Si hunn hei intern e bësse Gedeessems"

De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel wënscht Rumänien, datt et séier nees zu politescher Stabilitéit fënnt. Hien hat um Freideg eng Entrevue mam rumänesche Premier Sorin Grindeanu zu Bukarest. Rumänien stécht am Moment an enger Regierungskris.

auto_stories

2 min

De rumänesche Premierminister Grindeanu krut an de leschten Deeg d'Vertraue vun engem Deel vu senger eegener Regierung entzunn. Hie refuséiert awer bis elo ze demissionéieren. Trotz dëser schwiereger Situatioun soll dem Lëtzebuerger Premier seng offiziell Visite a Rumänien, wei geplangt, duerchgezu ginn. "Ech hunn de President gëschter gefrot, ob ech nach komme soll oder net. Well ech wëll mer nämlech net de ganzen Dag d'Fro stellen, ob ech e gesinn." De rumänesche Premierminister wier jo bis elo nach a senger Funktioun.

"Si hunn hei intern e bësse Gedeessems a ginn net esou gutt mateneen eens. Dat ännert awer näischt un de Relatiounen, déi mir mam Land hunn." Rumänien ass zanter zéng Joer Member vun der Europäescher Unioun. Et hätt een déi diplomatesch a politesch Bezéiunge bei dëser Visite a Rumänien wéilte feieren, seet de Xavier Bettel. "Mä selbstverständlech ass et eng kokass Situatioun."

Geschäfter onofhängeg vu Politik?

Dobäi ass et eent vun den Ziler vun der Visite fir Lëtzebuerger Investisseuren a Rumänien ze lackelen. Dofir stoung ënnert anerem en Iessen mat Entrepreneuren aus der rumänescher Informatiouns- a Communicatiounsbranche um Programm. Ënnert hinnen de Cristian Dascalu, deen hëlleft rumänesch Start-Upen opzebauen. "Mir hu schonn e puer Mol esou Situatiounen duerchgemaach, an hoffen datt eis Politiker mat der Zäit méi gescheit ginn. Mir probéieren awer, eis Geschäfter esou opzebauen, datt se net ze vill ofhängeg si vun der Politik, an de Krisen, déi do ëmmer nees entstinn", seet de Christian Dascalu.

An der ICT-Branche soll d'Zesummenaarbecht tëscht Letzebuerg a Rumänien elo weider ausgebaut ginn: Nach virum Enn vum Joer soll dofir eng och eng rumänesch Wirtschaftsdelegatioun op Lëtzebuerg kommen.

Nieft dem rumänesche Premier huet de Xavier Bettel e Freideg och de rumänesche President Klaus Iohannis zu Bukarest getraff. E Samschdeg reest d'Lëtzebuerger Delegatioun weider op Sibiu am Weste vu Rumänien.