Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - Stay With Me Through The Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Si Kanner Fraesaach?

Fräie Mikro

Si Kanner Fraesaach?

Soulaang d'Fraen d'Kanner kréien, wäert et och keng Gläichberechtegung ginn. Dëse Saz héiert ee reegelméisseg. Mee wou kënnt dës Astellung hir? Gehéieren zu enger Famillegrënnung net normalerweis wéinstens zwee Leit? Dozou e Fräie Mikro vun der Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender.

auto_stories

5 min

Nach ëmmer ass et esou, datt an enger hetero Koppel déi Kanner kritt meeschtens d'Mamm hir Karriär zeréck stellt, fir sech ëm de Nowuess ze këmmeren. Souguer wa béid Eltere Vollzäit schaffe ginn, sinn et virun allem d'Mammen déi op Elterenowenter ginn, déi d'Kand an d'Crèche siche gi wann et krank ass, déi sech ëm d'Dokter Rendez-vousen, d'Kannergebuertsdeeg a sou weider këmmeren.

Dës Ongläichverdeelung vun dësem Aspekt vun der Care-Aarbecht gëtt oft domat begrënnt, dass d'Fraen ebe biologesch predestinéiert a besser ausgestatt wieren fir Kanner ze kréien an ze erzéien. Doduerch, dass si d'Kand a sech droen, op d'Welt bréngen an a ville Fäll méintlaang nieren, hätte si automatesch e méi staarke Lien zum Kand a méi Kompetenze fir sech gutt ëm et ze këmmeren, wéi d'Männer.

E gudden Ëmgang mam Kand hänkt net vum Geschlecht of

Etüden hu längst de Géigendeel bewisen. Wann eent oder ee sech ëm e Kand këmmert, stellen d'Hormoner an d'Gehier sech drop an, ganz onofhängeg vum Geschlecht, de Genen oder Chromosome vum Elterendeel. An net ëmgedréint. Eng sécher Bindung zu engem Puppelchen opbauen a sech gutt ëm e Kand këmmeren hänkt also an éischter Linn zesumme mat investéierter Zäit, Suerg an Empathie.

Dat beweisen och d'Etüden déi zum Schluss kommen, datt et Kanner aus Hetero-Famillen net besser geet a se sech net anescht entwéckele wéi Kanner aus Homo-Famillen, also wou béid Elteren dat selwecht Geschlecht hunn.

Déi meescht vun Iech kenne sécher och am eegenen Ëmfeld Beispiller dofir.

Elengerzéiend Pappen, Educateuren oder Hausmänner sinn zwar nach bei wäitem an der Ënnerzuel, beweisen awer, datt e kompetenten, suergenden a léiwen Ëmgang mat Kanner näischt mam Geschlecht ze dinn huet.

Wisou entsprécht eis Gesellschaft da nach ëmmer gréisstendeels dem Bild, dass Kanner an alles, wat domat ze dinn huet, Fraesaach ass?

Zum enge läit dat natierlech un de Stereotyppen a Vieruerteeler, déi mir all nach an eise Käpp hunn. Fraen, als déi douce, suergend a familljenorientéiert Wiesen, déi d'Elteresinn schonn am Blutt hunn. Eng Fra, déi keng Kanner wëll, gëllt nach ëmmer als egoistesch. E Mann, de keng Kanner wëll, ass näischt Besonnesches. An ëmgedréint ass e Papp, de mat sengen dräi wibbelege Kanner akafe geet gläich en Held, eng Fra ënnerwee mat dräi wibbelege Kanner kritt éischter skeptesch Blécker ze spieren.

Retarden an der Familljepolitik

Dat nach ëmmer virherrschend konservatiivt Familljebild läit awer och un eiser Familljepolitik, déi vläicht net ganz sou gläichstellungsorientéiert ass, wéi se sech gär gëtt.

Ugefaange bei enger Diskriminéierung vu lesbesche Koppelen. E Mann, de Papp gëtt, huet e Recht op zéng Deeg Congé no der Gebuert. Wéi den Numm et scho seet huet eng Fra als zweeten Elterendeel kee Recht op de Pappecongé. Pappen, och wann et net déi biologesch Pappe sinn, kënnen dat Neigebuerent ganz einfach als eegent Kand unerkennen. Zweet Mamme kënnen dat net. Si mussen no der Gebuert vun hirem Kand dräi Méint waarden, ier si et adoptéiere kënnen. Géif an deenen dräi Méint där éischter Mamm eppes geschéien, hätt si keng rechtlech Verbindung zum Kand, also och keng autorité parentale. Dat ass ongerecht an dramatesch.

Vun dëser Diskriminéierung ofgesinn huet sech an zwou Woche weder d'Fra vun der Gebuert erholl, nach kann de Papp an 2 Wochen eng sécher Bindung zum Kand opbauen.

Eng Fra, déi e Kand kritt, huet e Recht op fënnef Méint congé de maternité - zwee Méint virun der Gebuert an dräi Méint dono. De congé de maternité ass e wichteg an haart erkämpftent Recht vun de Mammen, déi vill op medezineschen Aspekter baséiert. Méi passend wéi vu Congé, gëtt an Däitschland vu Mutterschutz geschwat.

Congé de naissance fir den zweeten Elterendeel?

Mee géif et net och zum Mutterschutz bäidroen, wann den zweeten Elterendeel och fir dräi Méint no der Gebuert ganz doheem kéint bleiwe bei vollem Gehalt, fir sech ëm d'Mamm an ëm de Neigebuerenen ze këmmeren, fir e fairen Undeel u Care-Aarbecht ze iwwerhuelen an eng gutt Bindung zum Kand opzebauen? Wier e congé de naissance fir den zweeten Elterendeel, onofhängeg vum Geschlecht, net e staarkt politescht a gesellschaftlecht Zeechen, duerch dat géif unerkannt ginn, datt d'Suerg fir an d'Erzéiung vu Kanner ëmmer déi gemeinsam Verantwortung vun Elteren ass? Géif dat sech net auswierken op eng méi fair Verdeelung vun der Care-Aarbecht an de Famillen? A géif et sech net och auswierken op méi Gläichstellung tëscht de Geschlechter um Aarbechtsmarché, well eben net just Mammen automatesch fir e puer Méint feelen, wa se eng Famill wëlle grënnen, mee eben och Pappen?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.