Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si sollen net roueg sinn"

Protester am Iran

"Si sollen net roueg sinn"

Roserei, Trauregkeet, Angscht an Trauer. Déi aktuell Situatioun am Iran léisst d'Gefiller vu villen IranerInnen héich kachen. D'Demonstratiounen am Numm vum Doud vun der 22-järeger Mahsa Amini halen un, an iwwerall op der Welt schneide sech Fraen hir Hoer of, oder si verbrennen hiert Kappduch als Zeeche vu Solidaritéit. Wéi empfannen Iranerinnen zu Lëtzebuerg d'Protester an hirem Land?

auto_stories

3 min

Dës Protester sinn anescht, do ass sech eng iranesch Physiksstudentin vun der Uni Lëtzebuerg sécher. Hiren Numm wëll si aus Sécherheetsgrënn net nennen.

Fraen un der Spëtzt vun der Beweegung

Mee d'Verännerungen an hirer Heemecht suivéiert si mat groussem Interessi. Dës Kéier sti Fraen un der Spëtzt vum Mouvement a wieren impressionant a couragéiert, esou d'Studentin.

No bal engem Mount no der Mahsa Amini hirem Doud, géife si nach ëmmer op d'Strooss goen a sech der brutaler Ënnerdréckung stellen:

"De gréissten Ënnerscheed vun der Revolutioun ass d'Generatioun. An dat ass, well ech mengen, datt dës Generatioun méi couragéiert ass. A si si sou gescheit. Si wësse wéi si hier Rechter kréien. A si wëssen, datt si fir hir Rechter kämpfe sollen."

Dës Rechter géife scho bei ganz einfache Saachen ufänken, wéi zum Beispill fräi ze entscheeden, wat een an der Ëffentlechkeet däerf undoen.

Jidderee ka sech identifizéieren

Anescht wieren d'Protester och, well se net duerch politesch Entscheedungen oder ekonomesch Problemer entstane sinn. Jidderee kéint sech mat der Mahsa Amini identifizéieren, esou eng Iranerin, déi am Numm vun der Iranian Student Association schwätzt. Dëst Joer huet si hiren Doktertitel zu Lëtzebuerg gemaach.

Och si wëll hiren Numm léiwer net nennen. De schrecklechen Doud vun der 22 Joer aler Iranerin hätt vill Leit concernéiert, well jidderee Fraen, Mammen oder Schwësteren a sengem Liewen hätt:

"Et geet ëm Mënscherechter. Et geet ëm Mënschen. Et geet ëm eng Fra, déi an d'Haaptstad ënnerwee war. Si hat hiren Hijab richteg un. Esou wéi all Fra am Iran dat mécht. Also hate si kee Grond fir si ze verhaften. An nach méi schlëmm wéi dat, si gouf gefoltert. Si hunn si dout gemaach, andeem si si gefoltert hunn."

"Si sollen net roueg sinn"

Fir déi promovéiert Iranerin ass dat een héich emotionaalt Theema a si fënnt et wichteg, datt hei zu Lëtzebuerg doriwwer geschwat gëtt.

Si fuerdert dann och, datt jiddereen, dee sech fir Mënschen- a Fraerechter interesséiert, seng Stëmm erhiewe soll - well déi grad a sou engem grousse Land, wéi dem Iran, mat iwwer 80 Millioune Leit verletzt ginn:

"Si sollen net roueg sinn. Si sollen definitiv drop reagéieren a si sollen hir Stëmm benotzen, fir datt mir gehéiert ginn. Well wann d'Leit net handelen, wäert d'Regierung och näischt maachen. D'Autoritéiten, d'Länner, si wäerten näischt maachen. An dofir musse mir eis alignéieren. Mir mussen op der selwechter Säit stoen an eis vereenegen."

Support vun an zu Lëtzebuerg war gutt

De Support, deen een hei am Land kritt hätt, wier gutt gewiescht, esou d'Physiksstudentin aus dem Iran. Lëtzebuerg wier eent vun deenen éischte Länner gewiescht, déi d'Brutalitéit vum iranesche Regime verurteelt hätten. D'Gravitéit vun der Situatioun géif awer méi verlaangen.

"Mir brauchen eppes méi Eeschtes vun de Regierungen. Vun den europäesche Länner a vun all de Länner, déi eppes géint dëse Regime maache kënnen."

Och d'Iranian Student Association stëmmt deem zou a fuerdert politesch Konsequenzen. Et géif elo duergoen, et wéilt een net méi am Mullah Regime liewen.