Recherche Si Wahlëmfroen nach modern?

Sinn d'Sondagen iwwer d'Beléiftheet vu Politiker a Parteien nach eiser Zäit ugepasst? Dräi Méint virun de Chamberwahle vum 14. Oktober huet d'Lëtzebuerger Statistiksocietéit SLS dës Fro op enger ëffentlecher Konferenz opgeworf. Hannergrond ass, datt d'Wahlëmfroen an de leschte Joren a méi Länner donieft louchen.

Maxi Pesch / cz

Sondagen

D'Wahlëmfroe géifen op der ganzer Welt ëmmer méi populär ginn. Se wiere wichteg fir d'politesch Parteien a fir d'Wieler. Mee, si kënne sech iren, explizéiert d'Agnieszka Walczak vum Lëtzebuerger Rechercheinstitut LISER. D'Chercheuse nennt zwee frappant Beispiller. Dat éischt Beispill wieren d'US Wahle gewiescht. Quasi an all Sondage war d'Hilary Clinton vir. Als zweet Beispill nennt d'Fuerscherin de Brexit.

Feeler bei der Couverture, d'Schwieregkeet potenziell Wieler ze identifizéieren, Wieler déi net wëllen äntweren, ondecidéiert Wieler, influenzéiert Äntwerten, oder nach "Mitläufer": All dat kéint zu esou Feelerquote féieren, erkläert de Christophe Ley, Professor fir Statistik un der Uni Gent. Dobäi kéimen zwee Typpe vun Echantillonen. Déi zoufälleg Stéchprouwen oder Fäll vun Echantillons non probabilistes wiere méi schwiereg. Statistesch gesi wier et onméiglech hei eng Feelerquot ze rechnen.

Statistesch Methoden duerch politologesch Analys ergänzen

Dat alles géif et schwiereg maachen, déi statistesch Methoden zu 100 Prozent wëssenschaftlech ze notzen. Dofir bräicht ee genee do Politologen, wou déi pur statistesch Methoden net méi duer ginn. Dobäi kéimen Interpretatiounsdivergenzen, erkläert den Tommy Klein vum private Meenungsfuerschungsinstitut TNS Ilres unhand vun engem konkrete Beispill.

"Ech zitéieren Iech d'Invitatioun vun dëser Konferenz. Do steet dran: "Ugangs Juni huet RTL an d'Lëtzebuerger Wort d'Resultater vun hirem Sondage verëffentlecht, déi eng Previsioun vun de Wahlresultater am Oktober 2018 sinn".

E Sondage dierft een awer net als Previsioun verstoen. D'Sonndesfro géif vill méi eng Analys vun der Intention de vote maachen, se soll eng Tendenz weisen. Dat géif an der Press awer heiansdo anescht gesi ginn, seet den Tommy Klein.

Sondagë ginn op verschidde Manéieren interpretéiert

Niewent der Press géifen och d'Politiker d'Sondagen esou notze wéi si grad Loscht hätten, erkläert de Jean Lou Siweck, fréiere Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort an aktuellen Direkter vun Editpress. Den Effort fir d'Methodologie ze erkläre wier deemno iwwerflësseg. Et géif een direkt vu Politiker kritiséiert ginn.

"Mäi Kolleeg Alex Bodry, grousse Spezialist vun de Sondagen ... Wann hien e Sondage gesäit, deen net favorabel ass, da fënnt hien direkt lauter Feeler. Wann e Sondage awer favorabel ass, dann ass hie vill manner kritesch."

Fir de Soziolog a Chercheur op der Uni.lu Fernand Fehlen hätt déi modern ëffentlech Meenung a politesch Legitimitéit bis ewell duerch d'Sondagë gelieft. Haut géif een awer an enger postmoderner Zäit liewen. Hautdesdaags hätte Sondagë Konkurrenz vun anere "Modes de construction de l'opinion publique". D'Gesellschaft hätt och aner "Modes de construction de la realité". Domadder mengt de Fernand Fehlen déi sozial Netzwierker oder Foren.

Stëmmung an de sozialen Netzwierker mat analyséieren

Dem Raphaël Kies, Chercheur op der UNI.lu, no, missten d'Wahlsondagë sech dëser neier ëffentlecher Meenung upassen. D'Meenung op de sozialen Netzwierker wier méi spontan, an d'Froe wieren net imposéiert. Dofir kéint een unhuelen, datt hei vläicht méi éierlech op d'Fro geäntwert gëtt. Dofir mécht et senger Meenung no Sënn, fir och d'sozial Netzwierker am Bléck ze behalen. En zweeten Avantage vun dëse Reseaue wier et, datt si déi ëffentlech Meenung kontinuéierlech ofbilde kéinten.

Mee och hei wier et schwéier, en Echantillon ze kréien, deen déi ganz Populatioun representéiert. D'Aart a Weis, wéi déi ëffentlech Meenung sech formt ass am gaange sech ze veränneren a Sondagë kënnen e Wahlresultat net exakt viraussoen. Well: wien d'Chamberwahle vum 14. Oktober gewënnt a se verléiert, decidéiert sech eréischt um Wahldag selwer, an der Wahlkabinn.

An der Mediathéik:

Chamberwahlen 2018 / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

bodry wiseler
Riicht Eraus: Alex Bodry vs Claude Wiseler

Pensiounen, Kafkraaft, Mindestloun, Steiergerechtegkeet a Sondagen. Doriwwer diskutéieren d'Fraktiounspresidente Claude Wiseler (CSV) an Alex Bodry (LSAP).

Wisler_Bodry.png
Wiseler a Bodry

De Claude Wiseler (CSV) an den Alex Bodry (LSAP) si géint e staatlechen Institut fir politesch Meenungsëmfroen. D'ALIA soll awer kontrolléieren, ob politesch Sondagen d'Gesetz respektéieren.

"Sympathie a Kompetenz, dat sinn zwee Bewäertungs-Kritären an enger entpolitiséierter Gesellschaft". D’lescht Woch hunn d’Lëtzebuerger Wort an RTL nees d’Resultater vun Ëmfroe publizéiert. Ënnert anerem goufen d’Sympathie respektiv d’Kompetenz vun deenen engen an anere Politiker gemooss.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Ënnerwee

    • Kultur - Vinicio Capossela an der Philharmonie

  • Panorama

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen