Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SIGI: Yves Wengler trëtt als President zeréck

No Reprochen an Auditten

SIGI: Yves Wengler trëtt als President zeréck

Den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler huet den Dënschdeg Owend wärend enger Comitéssëtzung vum SIGI, seng Demissioun als President annoncéiert. Hie war zënter 2001 President vum Gemengesyndikat fir d'Gestioun vun der Informatik.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Den Yves Wengler trëtt als President vum SIGI zeréck. Dat huet den Iechternacher Buergermeeschter, deen zanter Juli 2001 President vum Gemengesyndikat fir d'Gestioun vun der Informatik war, en Dënschdeg wärend enger Comités-Sëtzung ugekënnegt.

Wärend der Reunioun goufen d'Resultater vun dräi Auditte presentéiert. Hien huet betount, datt et dee richtegen Ament wier, enger anerer Persoun déi Charge ze iwwerloossen, elo wou déi dräi Auditten ofgeschloss sinn.

"Ech hunn eng politesch Verantwortung, dat ass ganz kloer an déi huelen ech."

Den Audit iwwert de Fonctionnement vum SIGI gouf gëschter Owend virun de Gemengevertrieder presentéiert. E gouf d'lescht Joer an Optrag ginn, fir déi finanziell Gestioun vum Gemengesyndikat, d'Personalgestioun an d'Satisfaktioun vun de Clienten ze analyséieren.

Vu schlechter Kommunikatioun bis hin zu Konflikter

Den Audit huet eng ganz Serie vu Problemer bei der Personalgestioun opgedeckt. 80 Prozent vun de Mataarbechter hate kee Vertrauen an de Service Relations humaines. Dräi Véierels vun de Läit hu gesot, datt d'Kommunikatioun mat der Direktioun schlecht wier. 40 Prozent hunn ausgesot, datt se een Aarbechtskonflikt gehat hätten. 57 Prozent hunn ausgesot, datt se Zeie gewiescht wiere vun esou engem Konflikt.

A wa bei der Finanzgestioun keng Illegalitéite sollen engem Communiqué no notéiert gi sinn, esou huet et un enger analytescher Comptabilitéit gefeelt.

Och op Clientssäit ware bal d'Hallschent vun de Gemengen net zefridden iwwer d'Léisungen, déi de SIGI proposéiert huet. Déi bréngen dem Syndikat dann och wéineg Vertrauen entgéint, datt dat an Zukunft besser gëtt.

Mat engem Rettungsplang soll an de nächste sechs Joer de Fonctionnement verbessert ginn. Dat dann ënner engem neie Präsident. Den Direkter Carlo Gambucci ass zënter den éischte Virwërf am Juli vum leschte Joer krank geschriwwen.