Wirtschaft Sistema: Etienne Schneider fir Verwaltungsrot nominéiert

De fréiere Wirtschafts- a Verteidegungsminister Etienne Schneider (LSAP) kéint an de Verwaltungsrot vun der russescher Holding Sistema kommen. Sistema huet haut matgedeelt, datt de Verwaltungsrot den Etienne Schneider nominéiert hätt. D'Assemblée générale géif de 27. Juni doriwwer ofstëmmen.

Etienne Schneider

Den Etienne Schneider géif dann an deem Conseil gewëssermoossen d'Plaz vum Jeannot Krecké iwwerhuelen, sou wéi en et schonn 2012 an der Lëtzebuerger Regierung gemaach hat (wou den Etienne Schneider de Ressort vu sengem deemolege Parteikolleeg a Wirtschaftsminister iwwerholl hat). Den Etienne Schneider hat virun dräi Méint aus der blo-rout-grénger Regierung demissionéiert.

Méi zum Thema

Een Dag mam: Etienne Schneider
Récktrëtt op de 4. Februar

Hie wéisst nach net, wat hien no senger Zäit als Minister wäert maachen. Dat sot den Etienne Schneider haut bei enger Pressekonferenz, bei där hie säi Récktrëtt aus der Regierung op de 4. Februar erkläert huet.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen