Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den éischten Ausfluch fir eise Soundatlas.

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Sistema: Etienne Schneider fir Verwaltungsrot nominéiert

Wirtschaft

Sistema: Etienne Schneider fir Verwaltungsrot nominéiert

De fréiere Wirtschafts- a Verteidegungsminister Etienne Schneider (LSAP) kéint an de Verwaltungsrot vun der russescher Holding Sistema kommen. Sistema huet haut matgedeelt, datt de Verwaltungsrot den Etienne Schneider nominéiert hätt. D'Assemblée générale géif de 27. Juni doriwwer ofstëmmen.

auto_stories

1 min

Den Etienne Schneider géif dann an deem Conseil gewëssermoossen d'Plaz vum Jeannot Krecké iwwerhuelen, sou wéi en et schonn 2012 an der Lëtzebuerger Regierung gemaach hat (wou den Etienne Schneider de Ressort vu sengem deemolege Parteikolleeg a Wirtschaftsminister iwwerholl hat). Den Etienne Schneider hat virun dräi Méint aus der blo-rout-grénger Regierung demissionéiert.