Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - 33 "God"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Siwe géint een oder ee géint siwen?

Réiden op der Atert

Siwe géint een oder ee géint siwen?

Réiden op der Atert ass eng vun 10 Gemengen am Land, an deenen den 11. Juni eng éischte Kéier net méi nom Majorz-, mee nom Proporzsystem gewielt gëtt. Dat well d'Awunnerzuel do am Laf vun der leschter Legislaturperiod op iwwer 3.000 Leit geklommen ass, op elo ganz genee 3.059. Dat bedeit och, datt de Gemengerot méi grouss gëtt: e wäert sech nom 11. Juni aus eelef Memberen zesumme setzen, amplaz aus aacht wéi elo.

auto_stories

3 min

Leit, déi sech an der Gemengepolitik auskenne wäerte sech elo froen: "Firwat just aacht? Gemengeréit hunn dach ëmmer eng ongrued Zuel vu Memberen? "

Jo, et missten der néng sinn, an et waren der och néng am Ufank vun der Legislaturperiod. Mee nodeems eng Conseillère hat missen ophalen, well se an enger aner Gemeng geplënnert ass, huet de Gemengerot decidéiert, si net ze ersetzen. Bei engem fräie Sëtz geet dat, an de Majorzgemengen. Wann awer nach en zweete Conseiller ewechgefall wier, hätte missen Komplementarwalen zu Réiden organiséiert ginn. An de Proporzgemenge réckelt bei all Mandat, dat fräi gëtt, direkt deen Nächst-gewielten op der respektiver Lëscht no, mee dat just niewebäi.

Decken Zodi

Zu Réiden trieden elo also eng éischte Kéier Lëschte géinteneen un. Parteilëschte ginn et awer keng, just dräi Biergerlëschten: eng kleng onkomplett Lëscht mat nëmme sechs Kandidaten, déi ënnert dem Slogan "En neien dynamesche Wand fir Réiden" untrieden; dann eng Lëscht, déi sech "Réiden 23" nennt, dorop sinn der Buergermeeschter Henri Gerekens a sechs Leit aus dem aktuelle Gemengerot; deen 8. Conseilsmember, keen anere wéi den 2. Schäffen Tom Faber, huet eng eegen Equipe zesummegestallt, déi als "Engagéiert Bierger fir d'Gemeng Réiden" an d'Wale ginn.

Wann den 2. Schäffe géint all déi aner untrëtt, kann ee sech well denken, datt ee Grond dofir gëtt: Decken Zodi.

Den Tom Faber soll eppes gemaach hunn, mat deem en all déi aner géint sech opbruecht huet. D'Betounung läit op "soll", well hien ofstreit, datt et esou war wéi déi Aner et duerstellen. Woubäi déi aner awer soen, hien hätt ugangs selwer alles zouginn, a wéilt elo op eemol näischt méi dovu wëssen.

Wat soll genau geschitt sinn?

D'Gemeng wollt engem private Proprietär een Terrain ofkafen. De Wäert vum Grondstéck gouf evaluéiert an du soll den Tom Faber op eege Fauscht bei dee Proprietär gaange sinn, an em sënngeméiss gesot hunn: "Verkaf op kee Fall fir deen dote Präis, deen ass ze niddereg. Waart bis no de Walen ...". De Buergermeeschter ass dat dunn, wéi hie seet, selwer vum Proprietär gewuer ginn. Doriwwer waren hien a seng Kolleegen am Gemengerot natierlech alles anescht wéi amused.

Den Tom Faber seet awer, et wier net esou gewiescht. Net ganz esou.

"Wat Fakt ass ass, datt ech effektiv bei déi Famill do gaang sinn, där den Terrain gehéiert. Wat awer Lige sinn ass, datt ech soll do Präis-Offere gemaach hunn, sief et am privaten Interêt, sief et am kommunalen Interêt, dat war ni de Fall."

Dofir huet den Tom Faber senge Kolleegen och iwwer Affekot matdeele gelooss, si solle léiwer net méi iwwer déi Geschicht schwätzen. An dat erkläert da wuel och - op d'mannst zum Deel - firwat de Buergermeeschter Henri Gerekens ganz zréckhalend ass a senger Ausso.

"Mir hate gemengt, mir géife bis bei d'Walen iwwer de Bierg kommen, mee dat ass net geschitt, well eben déi Faiten do waren, wou ech mech elo net onbedéngt wëll äusseren, well mir och scho genuch knaschteg Wäsch déi lescht Méint gewäsch hunn an nach amgaang sinn ze wäschen."

Fir de Rescht verweist de Buergermeeschter op de Kropemann. Dat ass de Gemengebuet zu Réiden. An deem senger Abrëll-Editioun fënnt een e kuerze Rapport vun der Gemengerotssëtzung vum 12. Januar, an do - ënner Divers - alles wat am Moment zu där Affär ze soe wier, sou den Henri Gerekens, dee warscheinlech hofft, datt de Wieler den 11. Juni kloer Verhältnisser schaaft. Well fir all déi Bedeelegt ass et am Moment natierlech net immens agreabel, nach am Schäffe- a Gemengerot zesummeschaffen ze mussen.