arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Smile For Future Sommet
Ëmwelt- a Klimaschutz
Smile For Future Sommet
Nach bis dëse Freideg ass am Schwäizer Lausanne de Smile For Future-Sommet. 450 jonk Ëmweltaktivisten aus 37 Länner sinn do zanter de Méindeg zesumme fir eng Strategie géint de Klimawandel auszeschaffen. Och dräi Vetrieder vu Youth For Climate Luxembourg sinn op der Plaz, dorënner de Christophe Meres, deen dem Pit Walté erzielt huet, wat hie sech vun dësem Treffen erwaart.