Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SNHBM: innovative Logementsprojet zu Ollem

Société nationale des habitations à bon marché

SNHBM: innovative Logementsprojet zu Ollem

750 nei Haiser an Appartementer fir 2.000 Leit. Dat ass de Projet Elmen, deen d'SNHBM an den nächste Joren zu Ollem an der Gemeng Kielen wëllt realiséieren, op der Grenz mat de Gemenge Mamer a Käerch. Dëse grousse Logementsprojet op engem Terrain vu 27 Hektar soll innovativ sinn. Eng héich Liewensqualitéit soll garantéiert sinn, verspriechen déi Responsabel vum ëffentleche Promoteur "Société nationale des habitations à bon marché".

auto_stories

3 min

De Chantier zu Ollem soll nach virum Kollektiv-Congé dëse Summer ufänken, seet den Direkter vun der SNHBM Guy Entringer.

2020 sollen déi éischt 100 Wunn-Unitéite fäerdeg sinn, zesumme mat de geplangten ëffentleche Gebaier: enger Schoul, enger Maison relais, enger Crèche, engem Supermarché an enger "Maison pour tous".

Et wier wichteg, datt déi éischt Strukturen, wéi zum Beispill e Supermarché, prett wieren, wann déi éischt Leit dohi wunne kommen, fir datt d'Leit sech sech kënnen dru gewinnen.

Dräi Ënnerdierfer mam Numm Elmen

Déi komplett éischt Bauphase vun am Ganze 400 Haiser an Appartementer soll bannent sechs Joer fäerdeg sinn. Wéini déi aner Phasë vum Projet Elmen ofgeschloss sinn, konnt den SNHBM-Direkter zu dësem Moment nach net soen.

De Projet géif an dräi Phase realiséiert ginn. "Mir soen intern, datt mir dräi Dierfer bauen, déi awer dono net een Duerf mat engem giele Schëld sinn, mee et sinn u sech Ënnerdierfer vun Olm, déi ënnert dem Numm Elmen wäerte kommerzialiséiert ginn", seet de Guy Entringer.

De ganze Projet an der Gemeng Kielen gëtt op engem, ronn 27 Hektar groussen Terrain realiséiert, deen eleng dem ëffentleche Promoteur SNHBM gehéiert. Op dem Terrain solle ronn 375 Haiser an 375 Appartementer, fir ronn 2000 Leit gebaut ginn. D'Haiser sollen alleguer aus Holz gebaut ginn, "wat an där Envergure, och fir Lëtzebuerg nach net do war", seet de Guy Entringer

Zentraliséiert Parkhaiser

Als innovativ un dësem Logements-Projet gëllt och d'Iddi, fir aacht zentraliséiert Parkhaiser mat all Kéier 250 Plazen fir d'Awunner ze bauen. "D'Leit kënnen natierlech mam Auto bei hiert Haus fueren, Saachen oflueden, mee si kënnen hiren Auto net do stoe loossen", erkläert de Guy Entringer. D'Pompjeeën an d'Ambulanze kéimen awer natierlech och bei d'Haiser, genee wéi de Poubellesauto. "Mir ginn d'Stroossen de Leit", sou de Guy Entringer.

D'Hallschent vun den Appartementer solle verkaaft ginn, déi aner Hallschent ass fir déi sozial Locatioun geduecht. D'Eefamillenhaiser sollen alleguerte verkaaft ginn. Dobäi gëllen déi üblech Critèrë vun der "Société nationale des habitations à bon marché". Dat heescht, et dierf een zum Zäitpunkt vum Kaf, net schonn eng Wunneng hunn. Deen zweete Critère ass, datt 60 Prozent vun de Cliente vun der SHBM staatlech Bäihëllef musse kréien. Den drëtte Critère ass, datt een d'Wunneng net als Investissement kéint kafen, mee fir selwer op 99 Joer dra wunnen ze goen.

"Prett fir mam Bau unzefänken"

Et géif een eréischt zanter dräi Joer um Projet Elmen zu Ollem plangen. Den SNHBM-Direkter schwätzt vu "Rekordzäit". Et hätt een en Entrepreneur fonnt, fir ze bauen, esou datt ee prett wier, fir am Juli mam Bau unzefänken. "Wann elo déi politesch Fiedem nach richteg gezu ginn, da wäert de Bagger virum Kollektivcongé fueren", seet de Guy Entringer.

D'Politik misst elo Léisunge fir d'Verkéiersproblematik ronderëm de Site ze fannen, seet den Direkter vun der SNHBM. Verschidde Verkéiers-Etudë wieren am gaange gemaach ze ginn.