Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Soja: eng Wonnerboun?

Landwirtschaft

Soja: eng Wonnerboun?

D'Sojaboun spillt bei der Ernährung vun den Notzdéieren als Eewäissliwwerant fir vill Baueren eng wichteg Roll. Mee de Soja kënnt dacks vu wäit hier an dat ka sozial an ekologesch Konsequenzen a Problemer mat sech bréngen. Gentechnesch verännert Planzen, Monokulturen, d'Ofholze vu Reebëscher, d'Landverdrängung vu lokale Baueren an d'Ofhängegkeet vu Länner, aus deenen de Soja importéiert gëtt. Mam Legutec-Projet soll deem entgéint gewierkt ginn.

auto_stories

5 min

D'Sojaboun spillt an der Liewensmëttelproduktioun zu Lëtzebuerg, awer och a ganz Europa, eng wichteg Roll. Dat gouf lescht Woch bei der offizieller Virstellung vum Legutec-Projet zu Manternach erkläert. Haaptsächlech gëtt d'Boun genotzt, fir un d'Notzdéieren ze verfidderen. De Gros vum Soja kënnt vun der anerer Säit vum Atlantik, haaptsächlech aus Nord- a Südamerika awer och zum Deel aus Asien.

Dës Importer bréngen eng Partie negativ sozial an ökologesch Konsequenze mat sech. Op deene Fläche géing normalerweis Reebësch stoen. Et si laang Transportweeër, et gëtt mat Monokulture mat héijem Pestizidasaz a Landverdrängung gekämpft, seet d'Stéphanie Zimmer, d'Directrice vun der Ibla, dem Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur Lëtzebuerg.

Europa importéiert groussen Deel vun Eewäiss

Europa géif ronn 60 Prozent vu sengem Eewäissbedarf importéieren. De "Selbstversorgungsgrad vu Protein" géif nëmme bei ronn véier Prozent leien. Dat entsprécht 35 Milliounen Tonnen, respektiv 14 Milliounen Hektar, déi ausserhalb vun Europa an Usproch geholl ginn.

Anescht gesot: Europa brauch 20 Millioune Futtballfelder am Ausland, op deem Soja drop ugebaut gëtt. Och den Alex Mehlen, Bio-Bauer vu Manternach huet de Problem erkannt a wëllt dësem entgéint wierken.

Hie wéilt een Zeeche setzen, dofir wéilt hie Soja zu Lëtzebuerg uplanzen. "Firwat et net heiheem maachen, wann et jo hei geet?", freet hien. De Virdeel vun den Transportweeër, déi ewegfale wier et schonn derwäert.

Lëtzebuerg: duerch Eegeproduktioun méi onofhängeg ginn

Den Alex Mehlen ass ee vun dräi Baueren zu Lëtzebuerg, déi hiert Land zur Verfügung stellen, fir hei Versich mat der Sojaboun ze maachen.

Zanter dem Lancement d'lescht Joer am Summer hunn 18 EU-Memberlänner déi sougenannten "European Soya Declaration" ënnerschriwwen - dorënner och Lëtzebuerg. Doduerch solle méi Eewäissplanzen - wéi d'Sojaboun awer och aner Leguminosen - an deenen eenzele Länner ugebaut ginn. A sech domat och manner ofhängeg vun anere Länner maachen.

Et wier anerersäits och wichteg, datt de Soja net konventionell ugebaut a gesprëtzt gëtt, mee datt och mat mechanescher Onkrautbekämpung geschafft gëtt, seet de Claude Felten. Mat Hëllef vun der d'Landtechnikfirma Wolff-Weyland - déi de Legutec Projet ënnerstëtzt, an deem si d'Technik zur Verfügung stellt, soll och déi bescht mechanesch Onkrautbekämpfungsmethod erausfonnt ginn, seet de President vun der Ibla.

Akerbauschoul spillt wichteg Roll

Den Ubau vun der Sojaboun ass nach relativ nei. Nei gewonne Kenntnisser an d'Wëssen iwwer d'Planz sollen an der Ausbildung weider vermëttelt ginn. Hei kënnt d'Akerbausschoul an d'Spill. Dozou den Tom Delles, Direkter am Lycée technique agricole.

Eng vun de Rolle vun der Akerbauschoul wier d'Weiderentwécklung vun der Landwirtschaft, och d'Weiderentwécklung an eng méi nohalteg Richtung. "Mir si bei ville Projeten dobäi a mir mengen och, datt d'Schoul doranner e ganz wichtege Rôle huet, well wa mir déi Saache matmaachen, kréien d'Schüler dat direkt mat", seet den Tom Delles.

De Yann Baumann, Schüler vun der Akerbauschoul gesäit dat ganz ähnlech. "Ech si frou, datt mir dat an der Schoul bäibruecht kréien an datt mir och selwer mat der Planz an der Technik schaffen. Well wéi hei elo scho gesot ginn ass, de meeschte Soja gëtt importéiert an et wier jo schéin, wa mir hei am Land Soja kéinte produzéieren."

"Déi aktuell Generatioun vun de Schüler an der Akerbauschoul géif d'Landwirtschaft vu muer gestalten, dofir wier et wichteg, datt si am Kader vun hirer Ausbildung eng méiglechst breet Panoplie u verschiddene Betribsforme gewise kréichen, seet den Alex Mesenburg, Professer an der Akerbauschoul. "An dat geet ebe bei eis an der Schoul vum konventionellen iwwer den integréierte Landbau, bis zur biologescher Landwirtschaft."

Ëmmer méi wichteg an der Ausbildung wäert an Zukunft also den Ubau an den Ëmgang vun der Sojaboun ginn. Zesumme mat der IBLA féiert d'Akerbauschoul schonn zanter e puer Joer Versich op hire Felder zu Bettenduerf duerch.

Nohaltegen Ubau ouni Pestiziden

Fir datt d'Planz gutt wuesse kann, gëtt se mat enger Bakterie geimpft, der sougenannter "Knöllchenbakterie". Si hëlt de Stéckstoff aus der Loft a fixéiert dësen an der Planz. De Stéckstoff ass verantwortlech, fir datt d'Planz wuesse kann an ënner anerem Eewäiss produzéiert.

De Soja kënnt ursprénglech aus China. D'Ziichtung vun der Planz huet et méiglech gemaach, datt och a méi kille Gebidder verschidden Zorte kënnen ugebaut ginn. D'Klima a Lëtzebuerg ass also kee Problem fir den Ubau vum Soja, seet d'Laura Leimbrock, Ëmweltwëssenschaftlerin bei der Ibla.

Am Abrëll wier d'Buedemtemperatur vun aacht Grad schonn optimal. Et misst ee just déi richteg Zort auswielen. Et kéint ee keng Zort huelen, déi ze spéit räift. Esou eng Zort hätt zu Lëtzebuerg keng Chance.

Éischt Resultater vum Legutec-Projet Enn 2018

Am Ganze kascht de Projet ronn 280.000 Euro. E leeft iwwer dräi Joer a gëtt zur Halschent vum Landwirtschaftsministère an zur anerer Halschent vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte finanzéiert. Fir datt de Soja kann un d'Notzdéiere verfiddert ginn, muss d'Planz getoast an entuelegt ginn. Esou eng Toastanlag gëtt et hei zu Lëtzebuerg respektiv an der Groussregioun nach net, mee et lafe scho verschidde Projeten. Wéi et weider geet, wäert sech an den nächste Méint weisen, heescht et vun der Ibla.

Soja - eng Wonnerboun? Enn September, Ufank Oktober gëtt d'Sojaboun recoltéiert. Dann ass och mat den éischte Resultater vun der éischter Saison vum Legutec-Projet ze rechnen. Et wier e Projet fir d'Bauere mat de Baueren, an dat wéilt een och weisen.