Radioen

On air

E-Lodie  |  Simon McCorry & Wodwo - By Snail On Its Slick Of Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Soll Bulgarien den Euro aféieren?

Wirtschaftschronik

Soll Bulgarien den Euro aféieren?

Bulgarien ass dat äermste Land an der EU. Trotzdeem wëllt de Balkanstaat esou séier wei méiglech dem Euro bäitrieden. Kann dat gutt goen?

auto_stories

3 min

Rick Mertens

Dem bulgaresche Finanzminister seng Ukënnegung huet a verschiddenen europäeschen Haaptstied fir Nervositéit gesuergt: Zum Optakt vun der bulgarescher EU-Presidence huet de Vladislav Goranov d'lescht Woch op en Neits ënnerstrach, datt säi Land et eescht mengt mam Aféiere vum Euro. Bannent dem nächsten hallwe Joer wéilt Bulgarien dem europäesche Wiessel-Mechanismus bäitrieden, esou de Finanzminister zu Sofia. Fir Bulgarien wär dat e wichtege Schrëtt a Richtung Euro.

Gemëschte Gefiller

D'Europäesch Kommissioun ënnerstëtzt dës Initiativ. Mä a verschiddene Memberstaate wei Däitschland an Éisträich gëtt et nëmme wéineg Begeeschterung fir e bulgareschen Euro-Bäitrëtt. Dat huet virun allem politesch Grënn: Nëmmen e puer Joer no der Griicheland-Kris fäerten éisträichesch an däitsch Spëtzepolitiker nämlech, et géing net gutt ukomme bei hire Wieler, wann e weidert Land den Euro aféiert, dat als aarm a korrupt ugesi gëtt.

Dobäi erfëllt Bulgarien, elo schonn, e groussen Deel vun de Kritären fir der Eurozon bäizetrieden: Den Inflatiouns-Taux läit bannent dem Kader, deen d'EU virschreift, och d'Staatsschold läit wäit ënnert der festgeschriwwener Limitt, a Bulgarien hat 2016 keen Defizit a sengem Staatsbudget. Et ass also duerchaus denkbar, datt Bulgarien nach bannent den nächsten dräi Joer alleguerten déi virgeschriwwe Kritären erfëllt, fir den Euro anzeféieren. Engem Euro-Bäitrëtt géif dann, am Prinzip, näischt méi am Wee stoen.

Dat heescht awer net, datt d'Aféiere vum Euro, ekonomesch gesinn, effektiv déi beschten Optioun fir d'Land ass: Well, och wann d'Kritären erfëllt ginn, bleiwen déi wirtschaftlech Ënnerscheeder tëscht Bulgarien a verschiddene westeuropäesche Länner weider ganz grouss. Dem internationale Währungsfong no huet e Bulgar 2016 am Duerchschnëtt eng Valeur vun 7.400 Dollar produzéiert - hei zu Lëtzebuerg louch dee Wäert am selwechte Joer bei 103.000 Dollar - also bal 14 mol esou héich.

Den Euro als Hoffnung

Bulgarien erhofft sech, datt dës Ënnerscheeder mam Aféiere vum Euro méi kleng ginn: An effektiv, déi meescht Ökonome soe viraus, datt d'Land laangfristeg géif vun engem Bäitrëtt profitéieren. Déi gemeinsam Währung suergt nämlech fir méi Transparenz am Geschäft mat auslänneschen Investisseuren. An d'Marchéen hunn, trotz rezente Krisen, méi Vertrauen an den Euro, wéi an de Lew, mat deem am Moment a Bulgarien bezuelt gëtt.

Mä d'Erfarung aus aneren Länner, déi den Euro agefouert hunn, weist, datt d'Ëmstellung och Käschte mat sech bréngt: Och hei am Land si vill Präisser no uewen opgeronnt ginn, wéi den Euro ufanks 2002 agefouert gouf. Déi meescht Lëtzebuerger dierften dat als een éischter onbedeitenden Nodeel an Erënnerung hunn. A Bulgarien, wou dat duerchschnëttlecht Akommes pro Mount, ënnert 300 Euro läit, kéinten awer vill Leit dat zolidd am Portmonni ze spiere kréien.

Mä och déi allgemeng wirtschaftlech Entwécklung vum Land kéint, an enger éischter Phas, negativ beaflosst ginn: Déi bulgaresch Wirtschaft muss nämlech relativ séier wuessen, wann d'Land säi Liewensstandard u Westeuropa wëllt upassen. Genee hei kéint den Euro-Bäitrëtt an den nächste Joren awer eng Brems sinn: Bäitrëttlänner mussen nämlech garantéieren, datt hir Präisser, am Verglach zu aneren Euro-Länner, net ze séier klammen. An dat ass nëmme schwéier mat séierem Wuesstem ënnert een Hutt ze bréngen.

Wann d'Regierung zu Sofia wëllt evitéieren, datt hir Wieler an e puer Joer eng ähnlech negativ Meenung iwwer den Euro-Bäitrëtt hu wei dätsch oder éisträichesch Wieler, da sollt si sech gutt iwwerleeën, wéini de richtegen Zäitpunkt ass, fir den Euro anzeféieren.