Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sondagë spillen eng ze grouss Roll am politeschen Debat

Mediechronik

Sondagë spillen eng ze grouss Roll am politeschen Debat

Politesch Sondagë stoungen an der Lescht ëmmer nees an der Kritik. An trotzdeem spille se nach ëmmer eng grouss Roll, wann an der Ëffentlechkeet iwwert Politik diskutéiert gëtt. Dat féiert zu engem eesäitege politeschen Debat - zum Beispill en Vue vun de Chamberwahlen am Hierscht, mengt de Rick Mertens an der Mediechronik.

auto_stories

3 min

Viru knapp 15 Méint huet den Donald Trump androcksvoll gewisen, datt Prognosen an der Politik dacks net vill Wäert sinn. Obwuel seng Rivalin Hillary Clinton an de meeschte Sondagen virlouch, an obwuel déi meescht liberal Zeitungscommentateure sech eng Victoire vun der demokratescher Kandidatin erbäigewënscht hunn, ass den Donald Trump schlussendlech als amerikanesche President gewielt ginn.

Et war net déi éischte Kéier an der rezenter Geschicht, datt Sondagen zu falsche Prognose gefouert hunn. Schonn d'Resultat vum Brexit-Referendum am Summer 2016 hat vill Leit iwwerrascht. Och an deem Fall haten d'Sondagen op en anert Resultat higedeit. An hei am Land haten d'Ëmfroen 2015 net op esou een däitlechen Neen zum Auslännerwahlrecht higewisen.

D'Commentateure si sech eens

Dës Erfarungen hunn dozou gefouert, datt sech fir kuerz Zäit méi kritesch mat Sondagen auserneegesat gouf. Um Moien nom Donald Trump senger Victoire huet den deemolege Chefredakter vum Wort, de Jean-Lou Siweck, zum Beispill getwittert, hie géif sech "seriö iwwerleeën", all d'Sondagen en Vue vun de Chamberwahlen 2018 ofzebestellen. Dës Iwwerleeunge sinn dono awer relativ séier nees a Vergiessenheet geroden, an dat net just well de Jean-Lou Siweck säi Stull beim Wort an Tëschenzäit huet misse raumen.

RTL an d'Wort hu Mëtt Dezember hire bis ewell leschte Polit-Monitor publizéiert, an an den Deeg dono gouf kaum e politeschen Interview gedréckt a gesent, an deem déi nei Sondagewäerter net zur Sprooch koumen. Ëm de Joreswiessel goufen d'Resultater dunn an diverse Réck- an Ausblécker nach eng Kéier intensiv kommentéiert.

D'Interpretatioune variéieren zwar heiansdo liicht, jee no der politescher Ausriichtung vum Medium. Mä eng zentral Roll spillen d'Ëmfroe souwuel an der lénks-alternativer woxx, wei am CSV-noe Wort. Souwuel um ëffentlech-rechtlechen 100,7, wéi um kommerziellen RTL. Iwwerall wëssen d'Commentateuren elo schonn, datt d'CSV am Hierscht als grousse Gewënner aus de Wahlen wäert ervirgoen.

Resultater vs Inhalter

Dës Tendenz kann duerchaus stëmmen, de Problem mat Sondagen ass awer net just, datt si heiansdo Prognosen ervirbréngen, déi net mam Wahlresultat iwwerenee stëmmen. Sondagë bedéngen och eng ganz bestëmmten Aart a Weis, fir iwwert Politik ze schwätzen, an zwar e politeschen Discours an deem - ähnlech wéi am Sport - Resultater am Mëttelpunkt stinn.

Während Sportscommentateure sech mat der Form vun Athleten an Ekippen auserneesetzen, schwätze Politik-Journalisten iwwert Sympathie- a Kompetenzwäerter. Oder si soe viraus, wéi eng Koalitioun no den nächste Wahlen am wahrscheinlechsten ass. Inhaltlech Froen, déi grad an de Méint virun de Wahlen intensiv missten diskutéiert ginn, fir datt d'Wieler sech kënnen e Bild vun de verschiddene Positioune maachen, réckelen dobäi ze dacks an den Hannergrond.

Grad an engem Wahljoer wier et wichteg, déi Form vu politescher Couverture z'iwwerdenken. Well anescht wéi d'Sondagen eis gleewen dinn, hu vill Leit keng virgeformte politesch Meenung. Eng ganz Rei Wieler hu sech iwwert déi lescht fënnef Joer wahrscheinlech häerzlech wéineg domat beschäftegt, wiem si bei den nächste Wahlen hir Stëmm wëlle ginn. An enger parlamentarescher Demokratie ass dat och hiert gutt Recht, well eben net permanent, mä just all puer Joer driwwer ofgestëmmt gëtt, wien d'Vollek soll representéieren.

Vill Leit bilden sech hir Meenung eréischt zu deem Moment, wou en intensive politeschen Debat an der Ëffentlechkeet entsteet, also zum Beispill am Wahlkampf. Journalisten, déi d'Wieler eescht huelen, misste sech dofir grad virun de Wahlen drop konzentréieren, déi inhaltlech Differenzen a Gemeinsamkeeten tëscht de Parteie genee ze thematiséieren. An net esou maachen, wéi wann d'Sondagë souwisou schonn decidéiert hätten, datt et am Hierscht zu enger schwaarz-grénger Koalitioun wäert kommen.