Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sondage: Taux vu geimpften Erwuessenen eventuell méi héich wéi ugeholl

Impftaux

Sondage: Taux vu geimpften Erwuessenen eventuell méi héich wéi ugeholl

Ass den Taux vun de Geimpften ënnert de Leit, déi hei am Land liewen a Wierklechkeet méi héich wéi d'Statistiken dat ausweisen? Déi Fro kann ee sech stellen, no engem Sondage bei 600 Leit, deen de Fonds national de la Recherche zesumme mat der Inspection sanitaire an der Uni Lëtzebuerg maache gelooss huet. Där Ëmfro no wieren nämlech 82 Prozent vun de Residenten iwwer zwieleg Joer komplett geimpft, an net just 78,6 Prozent, wéi am leschten offizielle Woche-Bilan vun der Santé ze liese war. Wéi erkläert sech déi Differenz?

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Erklärung dofir läit am Ausland: Et ginn eben eng Rei Leit, déi hei zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, déi awer net hei geimpft goufen. An dofir tauche si och a kenger Lëtzebuerger Statistik op. Ob de reellen Impf-Taux elo exakt véier Prozentpunkten iwwert deem offizielle läit, wëllt de Joel Mossong, Epidemiolog bei der Inspection sanitaire, net soen - dofir ass de Echantillon vun der Ëmfro ënner 600 Leit awer ze kleng, mee et géif awer een Ordre de grandeur ginn.

Studenten déi am Ausland liewen a studéieren sinn ee Beispill. Mee souguer wann ee si an all déi aner am Ausland vaccinéiert Residente mat abezitt, bleift de Lëtzebuerger Impf-Taux hannert deem vu villen anere Länner zréck.

Sondage: Zwielef Prozent vun de Leit hunn uginn nach net geimpft ze sinn

An der Ëmfro, déi bei engem representativen Echantillon vu 600 Leit gemaach gouf, hunn zwielef Prozent uginn, nach net geimpft ze sinn. Ee Prozent war awer decidéiert dat elo ze maachen, bei deenen aneren eelef goufen et zwou Kategorien. Déi eng, déi nach waarden, déi soen, eng Impfung vun zousätzlechen Informatiounen iwwer Laangzäit-Folgen ofhängeg ze maachen.

"An et ass awer och d'Hallschecht vun deene Leit, déi gesot hu si wéilte sech net impfen, déi soen, datt se den Autoritéiten, déi d'Impfstoffer verdeelen an doriwwer kommunizéieren, net trauen. Bei deenen ass effektiv d'Probabilitéit manner grouss, datt déi nach hir Meenung änneren."

Zwee aner Chifferen nach aus der Sondage: 87 Prozent vun den Duebel-Geimpfte si schonn geboostered oder wäerte sech boostere loossen. An zwee Drëttel vun den Eltere vu Kanner tëscht 5 an 11 Joer soen, géifen déi Kanner och impfe loossen.