Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sonn huet wéineg Afloss op de Klimawiessel

Weltmeteodag

Sonn huet wéineg Afloss op de Klimawiessel

D'Sonn, de Buedem an d'Wieder sinn d'Theme vum Weltdag vun der Meteo. Et ass haut kloer, datt d'Sonn nëmmen ee geréngen Afloss op de Klimawiessel huet. Vill gouf doriwwer gestridden a wéiwäit ee beim Klimawiessel den Afloss vun der Sonnenaktivitéit ka moossen. Dëst fir ze wëssen a wéiwäit d'Aktivitéit vum Mënsch de Klimawiessel verursaacht.

auto_stories

2 min

Andrew Ferrone, Meteorolog vun der ASTA, der Verwaltung vun den technesche Servicer vun der Landwirtschaft

D'Sonnenaktivitéite gi schonn zanter dem Galileo observéiert an et ass bekannt, datt et Sonnenzykle gëtt. Beim rezente Klimawandel ass ee sech doriwwer eens, datt den Afloss vun der Sonn ganz geréng ass. "D'Sonn huet Zyklen, déi tëschent ongeféier zéng bis zwielef Joer daueren", seet den Andrew Ferrone. Zanter 150 Joer géifen d'Temperaturen awer konstant an d'Luucht goen, dofir kéint een haut och ganz kloer drop schléissen, datt et de Mënsch ass, deen de Klimawandel och verursaacht", präziséiert den Andrew Ferrone, Meteorolog vun der ASTA, der Verwaltung vun den technesche Servicer vun der Landwirtschaft.

D'Sonn ass de Motor vum ganze Meteosystem

Déi ganz Energie, déi an der Atmosphär ënner der Form vu Wand, Drock an d'Temperatur besteet, entsteet duerch d'Sonn, erkläert den Andrew Ferrone. Dowéinst wier et wichteg, den Afloss vun der Sonn op d'Atmosphär ze verstoen a genee Wiederprevisiounen ze realiséieren.

"Dat ass eppes, wat een am Dag kann observéieren. Wa mueres den Himmel nach ganz kloer ass, a wann d'Sonn opsteet, fänkt de Buedem u sech opzehëtzen, an da kënnt et an der Atmosphär zu vertikale Beweegungen. D'Hëtzt fänkt un no uewen opzesteigen, an da gesäit ee meeschtens am spéide Mueren, datt sech éischt Wolleke bilden."

D'Bauere kréie vun der ASTA beim Klimawiessel gehollef

D'Bauere kënnen den Internetsite Agrimeteo.lu benotze fir zum Beispill ze kucken, wéini si am beschte kënnen ausséinen a wéini si solle mat der Recolte ufänken. Dat wier vu Joer zu Joer ënnerschiddlech. Mee mam Klimawiessel an duerch d'Temperaturen déi klammen, fänkt d'Recolte ganz dacks méi fréi un. D'Aussaat fänkt dann och méi fréi un, seet den Andrew Ferrone.

"D'ASTA ass awer och am Gaangen ze testen, wéi eng Zorten ee kann uplanzen, déi besser un déi Wiederkonditiounen ugepasst sinn, déi an Zukunft erwaart ginn, dat heescht mat méi enger strenger Dréchent, respektiv d'Temperaturen, déi méi héich sinn", esou den Andrew Ferrone.


De Panorama-Bäitrag vum Carole Schimmer:

Lauschterenplay_arrow